Am Buch "Un Amour souverain" mécht si e Réckbléck op 40 Joer Bestietnis
E Mëttwoch 10. November kënnt e Buch op de Marché, dat e bësse méi speziell ass wéi vill aner Bicher.
An zwar ass dëst d’Buch iwwert d'Liewe vun der Grande-Duchesse Maria Teresa. Op 157 Säite kritt een hei en Neien an deels ganz privaten Abléck an d'Liewe vun der Maria Teresa Mestre an en Abléck an déi 40 Joer Mariage. Mat Texter vum Stéphane Bern a virun allem ville Fotoen, och aus de Privatarchiven vun der Groussherzoglecher Koppel.
Am Virfeld vun der Publikatioun vum Buch mam Numm "Un Amour souverain" krute mer e ganz exklusiven a perséinlechen Interview mat der Grande-Duchesse. Ënnert anerem huet si eis verroden, aus wéi engem Grond si dat Buch wollt publizéieren:
"D’Buch ass eng wonnerbar Occasioun, fir ze weisen, wie mir sinn, mee och fir eise Kanner an Enkelkanner eppes Schéines ze hannerloossen. Ech denken, dass d’Monarchie muss vu senger Vergaangenheet, Geschicht an Traditioun liewen, mee och weise muss, dass se nach ëmmer en Notzen huet."
"Dat, wat mir och wichteg ass, ass, fir mat dem Buch ze weisen, wat e Liewen an der Koppel ass mat all senge Schwieregkeeten, déi all Koppel ka begéine mat sengen Héichten an Déiften. Mäi Mann an ech hunn ganz verschidden Temperamenter. Mir hunn am Laf vun de Jore geléiert een op den aneren ofzefierwen."
Den Erléis vum Buch geet un d'Associatioun "Stand Speak Rise Up", déi d'Grande-Duchesse am September 2019 an d'Liewe geruff huet.