Wéinst grousser NofroD'Expo "Ghosts of the Villa" gëtt bis Enn Abrëll verlängert

Andy Brücker
Eigentlech sollt d'Expo bis den 3. Abrëll goen, ma d'Nofro no Visitte war sou grouss, dass huet musse reagéiert ginn.
Ghosts of the Villa: D’Geschicht vu Radio Luxembourg an enger neier immersiver Expo
Ghosts of the Villa: D’Geschicht vu Radio Luxembourg an enger neier immersiver Expo
© RTL

D’Expo “Ghosts of the Villa” ass eng immersiv, audio-visuell Erliefnisinstallatioun an der Villa Louvigny, dem fréiere Sëtz vu Radio Luxembourg. Si kombinéiert Tounarchiven, Stëmmen, Geschichten, Musek an historescht Material.

Ghosts of the Villa: D’Geschicht vu Radio Luxembourg an enger immersiver Expo
Déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg gouf et 1933, op Franséisch. Duerno koumen Englesch an Däitsch dobäi.

D’Visiteure kréien e Kopfhörer mat engem Tracker. Apparater um Plaffong erkennen, wou genee d’Leit sech am Sall beweegen a kënnen den Toun op d’Beweegung upassen. Et ass also eng interaktiv Klangrees duerch d’Geschicht vu Radio Luxembourg.

Ghosts of the Villa: D’Geschicht vu Radio Luxembourg an enger neier immersiver Expo
Ghosts of the Villa: D’Geschicht vu Radio Luxembourg an enger neier immersiver Expo
© RTL

Déi Expo kënnt sou gutt bei de Leit un, dass et quasi net méi méiglech ass, nach eng Plaz fir eng Visitt ze kréien. Deemno gouf elo reagéiert an d’Expo gëtt bis den 30. Abrëll verlängert. Dat huet d’Produktiounsfirma Samsa an engem Schreiwes matgedeelt. An dësem ass et dann och den Hiweis, dass d’Expo vum 5. bis de 14. Abrëll inclus eng kuerz Paus mécht. Op dësen Deeg wäert ee se also net kënne besiichtegen.

D'Schreiwes vu Samsa

Fir déi aner Deeg wäert ee sech säi Slot op radio.lu kënne reservéieren. Dës Reservatioun ass och obligatoresch, fir d’Expo kënne kucken ze goen. Déi nei Tickete si vun en Dënschdeg 14 Auer un ze kréien.


Back to Top
CIM LOGO