
D’Iddi fir dësen neie Modell hat de Portugis Alexis dos Santos viru 4 Joer. Do huet hie säi Modell vum Tintin senger Rakéit op d’Plattform Lego Ideas eropgelueden. Duerno huet et eng Zäitche gedauert, bis 10.000 aner Fans fir déi Iddi gestëmmt hunn. Wann dat Zil bis erreecht ass, gesäit Lego, datt et ee groussen Interessi fir esou eng Iddi gëtt a si iwwerleeën da konkret, wéi si aus där Iddi een offizielle Set kënne maachen.
Den Alexis dos Santos huet ewéi sou vill anerer och schonn als Kand gär mat Lego gespillt. No enger kuerzer Ënnerbriechung ass hien du Jore méi spéit nees bei deen Hobby zeréck komm. Hie leet Workshoppen, an deenen et ëm d’Baue mat Lego geet a verbréngt e gudden Deel vu senger Fräizäit domat déi kleng Steng openeen ze bauen. A well hien och ee Fan vum Tintin ass, huet sech d’Iddi ëmmer méi konkretiséiert, fir d’Rakéit aus Lego ze bauen.Dofir huet hie fir d’éischt mol all visuell Referenzen aus der Bande Dessinée gesammelt, op där d’Rakéit ze gesi war. Doraus huet hien ee virtuelle Modell gebaut, an op d’Plattform eropgelueden. Bei Lego waren se direkt begeeschtert vun där Iddi, well d’Rakéit esou een ikonescht Symbol ass, datt weltwäit erëmerkannt gëtt. Domat huet d’Entwécklung bei Lego ugefaangen, fir ze kucken, ob a wéi een dee Modell an d’Realitéit brénge kéint. Datt e stabil genuch ass, fir kënnen domat ze spillen. Datt en awer och optesch eppes hiergëtt, fir kënnen ausgestallt ze ginn. Datt d’Figuren hire Virbiller aus der Bande Dessinée gerecht ginn. An datt si nach ee klenge Bonus kënne mat ubidden, deen iwwert dee renge visuellen Aspekt vun der Rakéit eraus geet.Präiss: 159,99 €
Alter: vun 18 Joer un
Stécker: 1283
Gréisst: +- 49 cm héich, 20 cm déif an 23 cm breet
