
No Ausso vum Verlag géif ChatGPT scho bei einfache Froen Deeler aus de Wierker erëmginn an och Biller generéieren, déi staark un d’Originalfigur erënneren. Zousätzlech hätt d’KI souguer virgeschloen, komplett Bicher mat Cover an Texter ze erstellen an dës ze publizéieren.

De Verlag gesäit doranner Indizien, datt d’Bicher méiglecherweis ouni Erlabnis fir den Training vun der KI benotzt goufen. Dat géif enger illegaler Späicherung an enger weiderer Verbreedung vun de Contenue gläichen.
Well OpenAI net op eng offiziell Ufro vum Verlag reagéiert huet, gouf de 27. Mäerz eng Klo beim Geriicht zu München agereecht. De Verlag ënnersträicht, datt de Schutz vum geeschtege Besëtz och am Zäitalter vun der kënschtlecher Intelligenz eng héich Prioritéit huet.