Delai war de 6. November 1948: Mat bësse Verspéidung ass elo ee Roman zréck an eng schottesch Bibliothéik komm. Déi héich oppe Fraise goufen awer erlooss.

Et hätt e bësse gedauert, ma elo steet de Roman "Stately Timber" vum US-Auteur a Regisseur Rupert Hughes (1872 - 1956) nees am Regal vun der Bibliothéik, aus där e virun 70 Joer ausgeléint gouf. D'lescht Woch war dat vermëssten Exemplar mat der Post an der Bibliothéik zu Dunfermline ukomm.

Well den Delai schonn de 6. November 1948 ofgelaf war, hat déi schottesch Noriichtenagence PA sech e Spaass erlaabt an huet d'Fraisen, déi hätte missen ufalen, ausgerechent. Dës hätte bei ronn 2.847 Pond geleeën, wat ëmgerechent méi wéi 3.380 Euro sinn. D'Bibliothéik hat awer wärend der Pandemie all oppe Fraisen erlooss, fir d'Mënschen ze motivéieren, hir iwwerfälleg Bicher zréckzebréngen.

D'Duechter vun där Persoun, déi d'Buch ausgeléint hat, hätt donieft an engem Bréif geschriwwen, datt si faszinéiert gewiescht wier, wéini a wéi dacks d'Buch ausgeléint gi wier. Den Zweete Weltkrich wier tëscht zwee Stempele vun der Bibliothéik op en Enn gaangen. "Tëschent monumentalen historeschen Evenementer geet d'Liewen einfach weider", esou d'Fra, déi d'Buch zréckgeschéckt huet. Si hätt awer net soe kënnen, ob hire Papp einfach vergiess hätt, d'Buch zréckzeginn, oder sech bewosst dofir entscheet hätt, et ze halen.