No engem Joer Paus wéinst der Pandemie gouf dës Editioun vun de Walfer Bicherdeeg mat engem neie Konzept ausgeschafft.

De Weekend vum 20. an 21. November fënnt een op der gewinnter Plaz beim Centre Prince Henri zu Walfer en Halekonzept mat Foodtrucks, ugepasst un déi aktuell Coronamesuren. Et ginn deemno keng gemëschten Halen an och keen Zelt, wéi déi Jore virdrun.

D'Editioun 26 steet ganz am Zeeche vu Kanner, deemno ass de Fokus och op d'Kanner- a Jugendliteratur geluecht. Aus deem Grond ass de "Books for Kids" an déi méi grouss Hal geplënnert, wou d'Auteuren d'Méiglechkeet hunn, dem jonke Public hir Bicher virzestellen.

An der Hal 1 fënnt ee Bicher aus zweeter Hand an d'Hal 2 ass komplett fir d'professionell Aussteller.

RTL

Ënnert dem Motto "Von Zauberworten und Zukunfstmut" ginn am gutt gefëllte Programm ënner anerem Workshoppe fir Kanner a Jugendlecher ugebueden, souwéi Liesunge fir Kleng a Grouss. D'Liesunge fir déi Erwuesse sinn dës Kéier an der pittoresker Maison Dufaing, déi zesumme mam CNL organiséiert ginn.

De ganzen Dossier vun de Walfer Bicherdeeg op ee Klick.

D'Walfer Bicherdeeg sinn e Samschdeg op vun 9 bis 20 Auer, e Sonndeg vun 9  bis 18 Auer. Sämtlech Detailer fënnt een um Site vun de Walfer Bicherdeeg.

Wéi gewinnt ass e Sonndeg eis traditionell RTL-Dictée, déi och nees am Livestream iwwerdroe gëtt.