Wien e Samschdegnomëtteg an der Stad ënnerwee war, deem ass se vläicht opgefall: déi riseg Schlaang virun enger Librairie.

Stonnelaang stounge verschiddener un, fir ee kuerze Moment mat der Grande-Duchesse kënnen ze schwätzen. Zesumme mam TV-Journalist an Auteur Stéphane Bern huet si nämlech hiert Buch signéiert.

Se hunn Ausdauer gewisen. All déi Leit, déi deelweis zanter Stonnen an der Keelt stoungen, fir eng kleng Dedicace vun der Grande-Duchesse a vum Stéphane Bern ze kréien. Kuerz viru 15 Auer war d'Opreegung kloer ze spieren – souwuel baussen, wéi och bannen an der Librairie.

De Paul Ernster a seng Ekipp hu sech virbereet op den héije Besuch. De ganze Stack ass ëmgeraumt ginn, honnerte Kopië vum Buch "Un amour souverain" louche prett, fir ënnerschriwwen ze ginn. En eemolegt Evenement - fir de Betrib, fir d'Personal, awer och fir d'Éieregäscht selwer.

"D'Personal huet sech erausgefiizt, ganz schick. Mäi Papp ass hei, meng Mamm ass hei. Meng Groussmamm kënnt, déi laang Joren hei am Betrib geschafft huet. Mir sinn alleguer opgereegt, awer och stolz a frou, dat dierfe mat ze erliewen", sou de Paul Ernster.

Fir all eenzele Monarchie-Fan hunn d'Grande-Duchesse an de Stéphane Bern sech Zäit geholl. An aus den zwou geplangte Signéierstonne sinn der dräi ginn.

"Pour moi c'est très spécial, c'est la première fois! C'est très touchant de voir le fait que les gens attendent si longtemps, la réaction, l'affection. Chacun a un mot gentil et c'est très touchant, vraiment", sot d'Grande-Duchesse Maria Teresa.

D'Buch, wat d'Grande-Duchesse an de Stéphane Bern zesumme geschriwwen hunn, ass quasi ee Familljen-Album, deen d'40 Joer vum Bestietnis vun der groussherzoglecher Koppel feiert – mat Fotoen a Geschichten aus hirem Liewen. Den Erléis vun den "droits d'auteur" vum Buch gëtt iwwregens un e gudden Zweck gespent. An zwar un der Grande-Duchesse hir Associatioun "Stand Speak Rise Up".