Hien ass am Alter vu 95 Joer verscheet. Bekannt gouf hien ënnert anerem duerch seng Trilogie iwwert de Robert Cole.

Den Noah Gordon koum 1926 am US-Bundesstaat Massachusetts op d'Welt. Enn vum Zweete Weltkrich huet hien an der US-Arméi gedéngt an ass duerno bei d'Navy gewiesselt. No sengem Déngscht huet hie Medezin studéiert, allerdéngs no engem Semester nees opgehalen, fir sech dem Journalismus ze widmen, wéi hie seng Loscht um Schreiwen entdeckt hat.

Säi bekanntste Wierk ass de Roman "Der Medicus" (Originaltitel: "The Physician") aus dem Joer 1986. Säi Bestseller spillt am 11. Joerhonnert a beschreift d'Liewe vum Robert Cole, dee sech vun engem berüümten Universalgeléierten als Dokter ausbilde léisst. „Der Schamane" (Originaltitel: "Shaman"), den 2. Roman aus där Serie, koum am Joer 1992 eraus. Fir dëse gouf den Auteur mam "James Fenimore Cooper Prize for Historical Fiction" ausgezeechent. Den drëtten a leschten Deel vun der Trilogie „Die Erben des Medicus" ("Matters of Choice") ass 1995 erschéngt.

Aner Romaner, déi hie verfaasst huet, sinn „The Rabbi", „The Death Committee", „The Jerusalem Diamond", „The Last Jew" an „The Bodega". Dës Wierker befaasse sech mat der Inquisitioun an der jüddescher Kulturgeschicht.