D'Projeten "1001 Tonnen" an "Le Royaume du Silence" sinn zwee vu villen, déi besonnesch déi jonk Generatioun interesséieren dierft.

ESCH2022: Projete fir Kanner a Jonker / Rep. Monica Camposeo

A manner wéi zwou Wochen ass déi feierlech Ouverture vun Esch2022. Den Ament lafen d'Virbereedungen op Héichtouren. Fir Kanner a Jonker sinn och eng ganz Rei Projeten dobäi. D'Monica Camposeo huet sech zwee Projete méi genee ugekuckt.

De Projet "1001 Tonnen" vum Jessica Theis setzt sech mam Thema Ëmweltverschmotzung auserneen. A 500 Fotoen, déi si an de leschten 3 Joer gemaach huet, huet si Offall an der Natur fotograféiert. Dofir benotzt si eng Mëttelformatkamera. Analog fotograféiere wier eng Prozedur, déi d'Vitess vum Alldag eraushëlt. Dat, wat och géint d'Ëmweltverschmotzung wichteg wier: Manner kafen, sech méi Zäit huele fir ze reparéieren.

"1001 Tonnen" heescht de Projet, well de Statistiken no Lëtzebuerg pro Joer déi Quantitéit u wëllen Offall huet. Wou d'Fotoe geknipst ginn, spillt awer keng Roll, well si de Problem a ganz Lëtzebuerg fonnt an dokumentéiert huet. D'Jessica Theis fotograféiert all Objet esou wéi si e virfënnt. Ze gesi sinn d'Fotoen no Nationalfeierdag an enger Ausstellung am Bâtiment 4 zu Esch oder och nach an engem Buch oder op Panneaue laanscht d'Autobunn. Et sinn och Sammel-Aktioune geplangt, wou Kanner kënne matmaachen.

Bei "Le Royaume du Silence" geet et dorëms, mat der eegener Beweegung Téin a Musek ze verwandelen. Dofir bauen d'Dänzer Rhiannon Morgan an den Giovanni Zazzera zu Déifferdeng am Science Center e ganze Parcours op. Duerch eng technesch Constructioun, ëm déi sech de Jonathan Christoph këmmert, entsteet mam eegene Kierper e Stroum-Circuit. Hëlt een eng aner Persoun bei der Hand, ass de Circuit zou an d'Musek geet un. Dat kann een am Mäerz am Science Center zu Déifferdeng selwer ausprobéieren. Am Projet "Le Royaume du Silence" sollen d'Leit nämlech selwer hir eege Show maachen. Danz, Wëssenschaft a Musek gi verbonnen, och Luuchteffekter sollen dobäi kommen. Nach experimentéiert d'Ekipp, wéi een am Parcours all d'Sënner aktivéiere kann.

RTL