Et konnt een et net net matkréien. De Weekend ass de Startschoss fir Esch 2022 gefall. D'Südregioun ass elo 10 Méint europäesch Kulturhaaptstad.

An dat sollt sou richteg gefeiert ginn: Am Zentrum vun Esch, mä och um Belval gouf et dofir méi wéi genuch ze kucken an ze lauschteren. Dobäi hunn d‘Organisateure verstäerkt op Lëtzebuerger Kënschtler gesat. Zwee dorënner, de Rapper Maz an den Electro-Pop-Sänger Chaild, haten d'Chance, dierfen op der grousser Bün virun den Héichiewen um Belval opzetrieden.

A fir déi zwee bescht Kolleege war dat eng immens Erfarung. Net nëmme well si zesumme Backstage konnte sinn an een deen aneren ënnerstëtze wärend hiren Optrëtter, mä och well dat en Zeeche gesat huet, fir déi jonk Museker a Musekerinnen hei am Land, déi sech an de leschte Joren immens weiderentwéckelt hunn. Et wier eng Musekszeen hei zu Lëtzebuerg an dat aus alle verschiddene Genren, an déi misst elo ëmmer méi Unerkennung fannen. En Optrëtt bei der Ouverture vun der europäescher Kulturhaaptstad war do e Schrëtt an déi richteg Richtung.

Nancy Braun reagéiert op Kritik vun Esch2022-Ouverture
De Weekend ass de Startschoss fir Esch 2022 gefall.