Dat neit Denkmalschutzgesetz, dat viru 3 Woche gestëmmt gouf, gouf e Mëttwoch den Owend an der Gemeng Suessem an enger vu 4 Reunioune presentéiert.

Neit Denkmalschutzgesetz / Rep. Danielle Goergen

De Lëtzebuerger Patrimoine a Kulturierwe soll vun elo u méi koherent a virun allem méi konsequent geschützt ginn. Zejoert sinn eng 141 Objets nationals geschützt ginn. Iwwer 400 Dossiere ginn den Ament nach traitéiert.

D'Kulturierwen ass a 4 Kategorien agedeelt. Virop den archeologesche Patrimoine. Dee soll méi preventiv geschützt ginn. Un Hand vun den Donnéeën, déi dem Institut nationale des recherches archéologiques, kuerz INRA, virleien, goufe verschidden „zones d'observation" ausgeschafft. Plazen also, wou entweder gewosst ass, datt historesch Objeten do sinn oder wou sech der eventuell kéinte befannen. D'Kulturministesch Sam Tanson erkläert, datt en Terrain "wann en do ass a villäicht och iergendwann eppes drop realiséiert soll ginn, da kann ee sech lo scho Gedanke maachen a kucken, ass eppes an deem Terrain. Wann eppes do ass, da kann dat elo schonns dokumentéiert ginn, fir datt dem Projet herno näischt am Wee steet".

Zoufälleg Decouvertë mussen direkt beim Ministère gemellt ginn. De Chantier gëtt dann och op Äis geluecht. D'Delaie sollen awer net méi laang wéi 6 Méint daueren. Et sief, et hätt een eng speziell Entdeckung gemaach.

Den architektonesche Patrimoine ass elo iwwerdeems duebel geschützt, esou d'Sam Tanson, an d'Gesetzer vill méi koherent. "Dat ass dee sougenannten 'Filet de sécurité'. Dat heescht, all déi Gebailechkeeten, déi vun enger Gemeng geschützt sinn, sinn dann och op nationalem Niveau geschützt"

Aus Sites et Monuments gëtt den neien Institut nationale du patrimoine architectural. Béid Servicer, d'INRA an d'INPA, fir d'Archeologie a fir d'Architektur wieren esou gestäerkt. D'Prozedure sollen heiduerch och méi séier ginn, esou de Patrick Sanavia vum INPA. "Wann de Proprietär e Bréif vun eis kritt, dann ass et geschützt. An da kënne mir mat him kucken, wéi ass däi Projet a wat kann ee maachen?".

Aarbechten un der Fassad oder um Daach, Restauratiounen a wëssenschaftlech Analysen u klasséierte Gebaier kënnen dann och bis zu 50% subventionéiert ginn. Wat de Patrimoine mobilier betrëfft, géif ee net heem bei d'Leit an da Saachen all klasséiere goen. Hei gëtt vill méi gekuckt, ob d'Objeten e kulturelle Wäert hunn. Beispillsweis vun engem bekannte Kënschtler gemaach goufen. Och hei gëllt dann: De Proprietär muss den Objet erhalen.

Allgemeng koum dat nei Gesetz gutt un. D'Leit, déi bei der Presentatioun dobäi waren, haten awer nach e puer Onsécherheeten zum Verlaf an der Dauer vun de Prozeduren.

"Ech fannen et gutt, datt et lo méi konkret gereegelt ass. Och als Gemeng hu mir elo méi eng Richtlinn, fir wann d'Leit bei eis kommen."

"Ech fannen d'Gesetz am Prinzip gutt esou. D'Prozedure ginn awer laang."

Och déi Suessemer Buergermeeschtesch weist sech zefridden. Et wier wichteg, datt de Bierger, grad wéi d'Gemenge mat agebonne ginn. Et hätt een och d'Impressioun, datt d'Leit ëmmer méi Bezuch zum Patrimoine kréichen, mengt iwwerdeems nach d'Kulturministesch.