Capitani-Fans opgepasst! All déi, déi bis elo gewaart hunn, fir d’Krimi-Serie um Stéck ze kucken, all d’Episode vun der 2. Saison sinn elo op RTL Play.

Zanter en Dënschdeg den Owend ass déi 2. Staffel vun der Lëtzebuerger Krimi-Serie da komplett! Fir all déi, déi also bis elo gedëlleg waren a sech léiwer alles beienee wëllen ukucken, Dir dierft Iech elo op e 6-Stonne-Capitani-Marathon freeën ! Extra fir d'Binge-Watcher ënnert eis, a fir all déi, déi sech nach eng Kéier an d'Serie wëllen erafillen, hu mir hei alles op enger Plaz regroupéiert.

RTL

WICHTEG INFO: All d'Episode vun der zweeter Staffel sinn nach bis den 12. Juni am Replay op RTL Play.

Dir hutt also nach d'Méiglechkeet eng Binge-watching-Seance anzeplangen. Waart also net bis op de leschte Stëppel oder bis se op N****x sinn, well soss ass et schonns ganz kale Kaffi ënnert de Kolleegen ! Vill Spaass beim Kucken!

All d'Personnagen am Iwwerbléck

RTL

Episod 1 - "An den Aen"

4 Joer no den Evenementer vu Manscheid, schafft de Luc Capitani als "Homme à tout faire" am Garer Quartier an der Stad. Hie gëtt vum Bianca, enger Prostituéierter, engagéiert, fir eng verschwonne Kolleegin erëmzefannen. D'Sich nom Andreea ass kuerz, de Capitani fënnt seng Läich an engem Bësch a muss elo de Mäerder fannen. Parallel dozou kënnt de Lucky Onu aus dem Nigeria zu Lëtzebuerg un, op der Sich no senger Schwëster.

Episod 2 : "Dass do um Eck ee steet"

De Capitani gëtt vum Valentina Draga engagéiert, fir op hir "Meedercher" opzepassen. De Lucky fënnt seng Schwëster. Dat wëll awer näischt mat him ze doen hunn. D'Elsa Ley schafft als Polizistin am Quartier. Hatt observéiert a bekämpft den Drogentrafic. Tëscht him an dem Luc ass et net méi wéi fréier. An der Nuecht gëtt eng aner Prostituéiert ëmbruecht.

Episod 3 : " Schléis De zou oder leefs De fort"

De Capitani schafft a Wierklechkeet als Undercover-Polizist fir e gewëssent Pascale Cojocaru. Nëmmen dowéinst ass hien aus dem Prison fräi komm. De Luc an d'Elsa deelen Informatiounen iwwert d'Morden un de Prostituéierten. D'Bianca zielt dem Luc, dass et an engem Cabaret an der Stad mannerjäreg Prostituéierter gëtt. De Lucky kënnt net méi u seng Schwëster.

Episod 4 : "Bis deen Éischten op Dech zoukënnt"

De Gibbes Koenig an d'Valentina doe sech zesummen, fir géint eng nigerianesch Drogemafia ze kämpfen. De Luc sollt e "Coup" organiséieren a brauch dofir dem Elsa seng Hëllef. D'Elsa hält de Luc fir e Gauner a wëll net mat him schaffen. Dem Luc seng Relatioun mat senger Cheffin Cojocaru verschlechtert sech.

Episod 5 : "Däi leschte Gedanken"

De Capitani hëlleft dem Lucky, d'Läich vu senger Schwëster ze gesinn. Dofir seet de Lucky him, wien hinnen d'Droge liwwert, déi si op der Gare verkafen. Den Toni traut dem Luc net a wëll net, dass d'Bianca ze vill Zäit mat him verbréngt. Trotzdeem fueren déi 2 Männer zesummen an d'Belsch, fir en décken Drogendealer ze fannen.

Episod 6 : "Wär ech nëmme fortgelaf"

De Luc realiséiert, dass seng al Léift, d'Carla Pereira, den Nigerianer d'Droge liwwert. Hatt wëll, dass hien hatt mat Rou léisst. D'Elsa an den Toni hu sech an der Nuecht kritt a probéieren, normal weider zesummen ze schaffen. De Luc sicht Hëllef bei senger Schwëster Jeanne, mee hiert Verhältnis ass net gutt zanter dem Doud vun hirem Papp. D'Pascale Cojocaru mierkt, dass dem Luc seng Fräiloossung eppes verstoppt.

Episod 7 : "Keng Zäit ze verléieren"

De Capitani organiséiert en Iwwerfall op en Drogentransport vun enger nigerianescher Mafia. D'Cojocaru versprécht him d'Fräiheet, wann dat alles gutt geet, an den Arthur festgeholl ka ginn. D'Carla gëtt vum Luc gezwongen matzemaachen. De Lucky freet d'Bianca no Hëllef op der Sich nom Grace. D'Elsa mengt ëmmer méi, dass de Luc Undercover ass.

Episod 8 : "Bis deen Éischten ëmkippt"

Den Arthur gouf ermort an de Camion mat den Drogen ass verschwonnen. De Lucky gëtt vum Queen agespaart, well hien eng Gefor fir si all ass. D’Valentina zwéngt de Gibbes sech aus dem Business zeréckzezéien. D'Pascale Cojocaru kann de Luc net fräi loossen, obwuel hatt him ëmmer méi vertraut. De Luc decidéiert elo, ganz fir d'Valentina ze schaffen.

Episod 9 : "Et ass spéit an der Nuecht"

D'Elsa an de Luc mengen, dass d'Carla hannert dem Klau vum Camion stécht. Hatt probéiert dem Luc ze beweisen, dass dat net esou ass a verréit him den Dealer hir d'Stopp am Café "Grand Huit". De Luc informéiert d'Elsa doriwwer. D’Grace seet dem Bianca, dass den Dominik probéiert hatt ëmzebréngen. D'Bianca verlaangt eng Erklärung vum Dominik.

Episod 10 : "Du bass eleng"

D'Valentina huet dem Gibbes säi Geschäft iwwerholl, an ass dem Luc dankbar, dass hien déi nigerianesch Dealer opfléie gelooss huet. D'Elsa mierkt, dass nach ëmmer Drogen zirkuléieren. An d'Bianca freet sec,h wou déi vill Suen vu sengen Ex-Kolleeginnen hierkommen. De Lucky ass verletzt a sicht e Wee zeréck an d'Stad. De Luc an d'Elsa schwätze sech eng éischte Kéier aus.

Episod 11 : "Dass Dir Däi Laachen elo endlech vergeet"

D'Cojocaru fënnt dem Luc seng Déngschtwaff zu Mënscht am Weier a gëtt him se zeréck. De Luc muss sech froen, wat hien domat mécht. D'Elsa an den Toni iwwerwaachen elo d'Prostituéiert op der Gare. Mee den Toni schéngt nach aner Pläng ze hunn. De Luc hëlt de Lucky bei sech op an d'Bianca fënnt dem Grace seng Adress.

Episod 12 : "Du muss wëssen, wat ass besser"

De Luc entdeckt, dass den Dominik d'Drogen geklaut huet an elo iwwert d'Prostitution weiderverkeeft. D'Valentina deckt säi Bouf, a verlaangt, dass de Luc weider op hirer Säit ass. De Lucky ass um Wee bei seng Schwëster. D'Bianca an de Luc wëlle wëssen, wien hannert dem Lucky hier ass. Si stellen eng Fal, an déi de Dominik an den Toni tappen.