De Rapper huet véier nei Lidder erausbruecht an deenen en eis op eng Rees duerch seng Gedanken, Gefiller an Usiichte vun der moderner Zäit mathëlt.

Séiere Rapper, déifgrënneg Lyrics an e Mix aus Trap Beats an onerwaarte Flows. Sou kennt een den 22 Joer ale Museker Maz. Dass seng Musek sech ëmmer op seng perséinlech Erliefnesser oder Usiichte baséiert, dierft fir déi meescht keng Nouvelle méi sinn. Ma zanter engem gudde Joer kréie mir ëmmer méi Ablécker op eng aner Säit vum jonke Museker.

Zu senge groussen Inspiratiounen zielen an der Lescht ënner anerem Bullet for My Valentine, Linkin Park oder Bring me the Horizon. „Grad Bring me the Horizon inspiréiert mech den Ament immens, well si konstant op der Sich no Innovatioun sinn. Ufank 2000er war hire Stil Limitt, z’aggressiv fir mech perséinlech, mä zanterhier hu si ëmmer rëm mat neie Saachen, Genren a Stiler iwwerrascht an, obschonns dat net onbedéngt bei alle Metal-Fans gutt ukënnt, feieren ech dat. Si si konstant op der Sich no Innovatioun a gi mam Zäitgeescht mat a genau dat, probéieren ech och ze maachen", esou de Maz. "Ech hunn opgehalen, mäi Stil ze definéieren, well ech konstant changéieren, mä et sinn ëmmer "ech". Et spigelt ëmmer mäin Universum zeréck an dann ass et mir och egal, ob ech haut e Metal- a muer e Pop-Lidd erausbréngen: Haaptsaach et ass authentesch."

RTL

© Riccardo Tomasini

Seng nei EP "Upside Down" ass do keng Exceptioun. Dës kënnt elo den 8. Abrëll eraus a gëtt vum Kënschtler als "eng kleng Rees iwwer eisen ongesonden Drive fir direkt Zefriddenheet an der moderner Zäit" beschriwwen. Typesch fir de Maz, ass "Upside Down" awer net nëmmen eng sozial Kritik, mä och immens perséinlech. Dat huet hien och a sengem Interview um Radio "Am Takt" bestätegt.

RTL

© Marie Romanova

"Déi EP ass entstanen zu engem Ament, wou et mir mental net ganz gutt gaangen ass, an ech hu probéiert, déi ganz Frustratioun, Roserei an dat Gefill, net ze wësse wien ech sinn an op wéi enger Plaz ech sinn, all an dës EP ze setzen. Aus deem Grond ass se och zimmlech düster an aggressiv ginn, mä se ass och éierlech an ech si frou well et 100% dat ass, wat ech erëmspigele wollt." De passende Museksvideo koum den 10. Abrëll eraus.

Wann alles no Plang leeft, dierf ee sech vum September un op eng Europa-wäit "Upside Down" Tournée freeën. Dës géif da bis an den Oktober era lafen – natierlech och mat engem Datum zu Lëtzebuerg. Bis dohi kann een de Maz nach den 29. Abrëll an den Atelier lauschtere goen oder op Reckeng op der Mess, wou hien de 7. Mee um Maztival – engem Festival deen dëst Joer fir d’éischt Kéier ass an deen hie mat organiséiert huet – wäert ze gesi sinn.

Wie méi iwwer d’EP wëll erausfannen, ka sech hei de ganzen Interview mam Maz nach eng Kéier ulauschteren.