Ze vill Ierger, ze dacks juristesch Affären: De Popstar wëll sech an Zukunft viru Plaintë wéinst Auteursrechter schützen - mat Hëllef vun eegene Videoen.

Dobäi kéinten Abléck hannert d'Kulissen entstoen, déi Musekshistoriker an der Zukunft interesséiere kéinten: De Museker Ed Sheeran filmt sech selwer beim Schreiwe vu Lidder, fir Beweismaterial fir méiglech Kloen am Kontext vun Auteursrechter ze hunn. "Alles ass op Film", sot de Britt der BBC.

Den 32 Joer ale Sänger hat eréischt dës Woch e Rechtssträit fir sech entscheet, bei deem et em Plagiatsvirwërf wéinst sengem Hit "Shape of You" gaange war: E Londoner Geriicht hat geurteelt, datt den Ed Sheeran keng Deeler vun der Melodie vun engem anere Lidd plagiéiert hätt.

Dem Sänger no leit d'Museksindustrie ënnert enger Flut u falsche Plagiatsvirwërf, déi allze dacks duerch aussergeriichtlech Vergläicher geléist ginn, fir Geriichtsaffären ze vermeiden. Esou wier et him fréi a senger Karriär mam Lidd "Photograph" aus dem Joer 2015 gaangen. Well hie sech net méi dobäi wuel gefillt huet, hat hien opgehalen d'Lidd ze spillen. Antëscht wier hien awer rëm op engem Punkt ukomm, un deem et sech rëm wéi säi Lidd ufillt.

Déi Praxis wéilt den Ed Sheeran duerchbriechen, andeems hien trotz finanziellen Depensë viru Geriicht geet. Et géing him net ëm d'Sue goen, mä ëm d'Éierlechkeet. "Mir hu misse fir dat astoen, war mir fir richteg gehalen hunn."