Den US-Rapper ass 2018 "aus Versinn" un enger Iwwerdosis gestuerwen. Lo ass an där Affär en éischt Urteel gefall: En Dealer muss 131 Méint an de Prisong.

Dräi an en halleft Joer ass et hier, datt de Musker Mac Miller gestuerwen ass, der Autopsie no "net express" un enger Iwwerdosis Drogen, Medikamenter an Alkohol. Elo gouf en Drogendealer a Kalifornien zu knapp eelef Joer Prisong verurteelt ginn.

Den 39 Joer ale Mann hat sech d'lescht Joer schëlleg bekannt, gefälscht Medikamenter weiderginn ze hunn, an deenen dat extreem staarkt Mëttel Fentanyl dra war. E Méindeg gouf eng Strof vun 131 Méint Prisong geschwat, wéi de Parquet zu Los Angeles matgedeelt huet. Et ass dat éischt Urteel am Doudesfall, an deem am Ganzen dräi Dealer an Tëschenhändler verwéckelt waren.

De 26 Joer ale Mac Miller war de 7. September 2018 dout a senger Wunneng zu Los Angeles fonnt ginn. E puer Deeg viru sengem Doud soll hie vun engem Dealer Medikamenter mam Mëttel Fentanyl kritt hunn. Fentanyl ass e syntheteschen Opioid, dat 50 Mol méi staark ass ewéi Heroin.