Am Mäerz huet de Verlag Dupuis ugekënnegt, datt de berüümte Comic no 30 Joer Abstinenz zréck an d'Librairië kënnt. Lo huet d'Duechter vum Franquin geklot.

Hie gehéiert nieft dem Spirou, Tim & Struppi, Asterix a Lucky Luke zu de Klassiker vum frankobelsche Comic: De Gaston Lagaffe huet ëmmer de schéinste Chaos ausgeléist. 40 Joer laang, vun 1957 bis zu sengem Doud 1997, huet den André Franquin seng Liblingsfigur gezeechent.

Dëst Joer am Mäerz, 25 Joer nom Doud vum Franquin, huet de Verlag Dupuis da bei enger Pressekonferenz de Retour vum Gaston ugekënnegt. De Comicverlag, dee dëst Joer säin 100. Jubiläum feiert, hat d'Neioplo vum "Gaston Lagaffe" dem Zeechner Delaf uvertraut. "Le Retour de Lagaffe", e klassesche Comicalbum mat 48 Säiten, den 22. Band vun der Serie, war fir den 19. Oktober ugekënnegt ginn, mat enger Startoplo vun 1,2 Milliounen Exemplairen.

Ma d'Ukënnegung huet d'Famill vum André Franquin awer éischt irritéiert. Schliisslech hat den Zeechner an Auteur verfüügt, datt de Gaston no sengem Doud net weiderliewe sollt. Schonn 2018 wéi eng Filmversioun an déi franséisch Kinoe koum, hat dem Zeechner seng Duechter, d'Isabelle Franquin, an der Zeitung "L'Avenir" gesot: "Ech kucken dem Desaster hëlleflos no."

Wéi d'belsch Zeitung "Le Soir" schreift, hätt sech d'Isabelle Franquin no der Ukënnegung bei engem Geriicht zu Bréissel gemellt. Hirer Meenung no géing all neit Band aus enger anerer Fieder e Plagiat duerstellen. Deemno huet si un d'Geriicht appelléiert, all Reklamm fir den neie Gaston-Comic auszesetzen.

De Chef vum Dupuis-Verlag hat bei der Pressekonferenz zwar zouginn, datt d'Duechter sech "mëndlech dogéint ausgeschwat" hätt, d'Gaston-Serie erëm opzehuelen. Ma trotzdeem huet hie sech drop behaapt, datt d'Klausele vu sengem Rechtskontrakt kloer ergi géingen, "datt en Iwwerhuele méiglech wier".

Elo huet de Verlag awer zréckgeruddert. Wéi et heescht hätt Dupuis sech dofir entscheet, d'Publikatioun vum 22. Gaston-Band virop auszesetzen. "Mir hunn eis spontan dofir decidéiert, fir eng roueg an objektiv Debatt z'erméiglechen", heescht et an engem Schreiwes. Et wéilt een d'Relatioune mat der Isabelle Franquin net belaaschten a waart elo d'Decisioun vum Geriicht of, déi fir September 2022 erwaart gëtt. De Verlag hofft, eng Léisung ze fannen, déi et erlaabt, "d'Wierk vum Franquin um Liewen ze halen, fir datt d'Ierwe vum Comic-Genie dauerhaft geséchert gëtt".

De Franquin, deen och fir d'Serien Spirou an aner Comicken gezeechent huet, huet mam Gaston säin Alter Ego geschaf: En anarcheschen Näischnotz mat groussen Déiereschutz- an Ëmweltbewosstsinn, dee fir d'Bürosaarbecht näischt daacht, senger Kreativitéit op de Couloire vun der Redaktioun awer op aner Aart a Weis fräie Laf léisst.