Ee Bléck hannert d'Kulisse vun engem Lëtzebuerger Western
"Läif a Séil" - esou heescht den éischte Long-Métrage vum Loïc Tanson. E Lëtzebuerger Western, deen aktuell an der Belsch gedréint gëtt.
Mir haten d'lescht Woch d'Méiglechkeet e Bléck hannert d'Kulisse vum Tournage ze geheien a mat ënnert anerem dem Realisateur, Produzent awer och verschiddene Schauspiller ze schwätzen.
25. Dréidag an der Belsch, wou een direkt d'Gefill huet an eng aner Welt anzedauchen. Den Dekor, d'Kostümer an och déi laang Bäert vun den Acteure loossen direkt erkennen datt de Film dee gedréint gëtt net an der haiteger Zäit spillt. D'Geschicht spillt awer zu Lëtzebuerg, an dat engersäits am Joer 1839, a 15 Joer méi spéit 1854.
D'Iddi ass jo virun enger Partie Joren entstanen, an d'Käpp derhannert sinn de Samsa-Produzent Claude Waringo, de Co-Scénarist Frederic Zeimet an de Realisateur Loïc Tanson. Nieft deem Visuelle spillt awer och d'Sprooch eng Roll am Film, erkläert de Loïc Tanson:
"No enger Rei Recherchen hunn ech erausfonnt, datt déi Sprooch, déi zu där Zäit geschwat gouf, kee méi géif haut verstoen. Dofir hu mer versicht eng Mëschung ze fannen. Ech hu mech an d'Lëtzebuerger Sprooch era geschafft a mat Hëllef vum Ian Di Toffoli eng nei Form vu Sprooch entwéckelt."
An der Geschicht geet et ëm e klengt Meedchen, deem eppes Schlëmmes geschitt an dat 15 Joer méi spéit, ënnert engem aneren Numm an enger aner Identitéit, gespillt vum Sophie Mousel, zréck an en Duerf kënnt, fir seng Revanche ze huelen. De Kameramann Nikos Welter erkläert datt ee versicht mat Kontraster an de Biller ze schaffen:
"Mir dréinen en Deel digital an en aneren op Pellicule op 16mm am Schwaarz-Wäissen. An am Cadrage ass och e Kontrast: en Deel am breede Format an ee bal am breede Format. An d'ass dat wat eis interesséiert, dat Spannungsfeld vun de Kontraster."
Jules Werner, Marie Jung a Philippe Thelen sinn nëmmen e puer Nimm vum Cast vum Film. Wie Western seet, seet natierlech och Päerd an dofir hunn och eng Partie vun den Acteure misse léieren ze reiden. Dorënner och de Luc Schiltz:
"Ech hunn dat mega genoss a mengen ech e neien Hobby fonnt, wann dat net sou deier wier. Ech kann elo net reiden, mee et geet awer duer fir d'Zeenen a fir datt een och preparéiert ass, wann eppes a Situatioune mat de Päerd géif geschéien. Ech hat och Lasso-Coursen a Coursë fir mat engem ale Gewier ze schéissen."
4 Milliounen Euro Budget huet de Film. Et misst een dem Claude Waringo no awer och bedenken, datt et en Dréi mat groussem Opwand wier:
"D'muss ee wëssen datt eng Ekipp vun 120 Leit um Tournage schafft, 50-60 an der Post-Produktioun an déi musse bezuelt ginn. Mir sinn an engem historesche Film mat ville Kostümer, ville Spezialeffekter am Maquillage mee och an der Post-Produktioun."
Bis den 22. Juni daueren d'Dréiaarbechten an der Belsch nach, ier et dann an d'Post-Produktioun geet. Wann alles gutt geet dierft "Läif a Séil" dann nächst Joer ze gesi sinn.
An méi iwwert den Dréi vum Film an och d'Interviewe mat ënnert anerem dem Luc Schiltz, Philippe Thelen an Tommy Schlesser kënnt Dir vun 10 Auer un an eisem Kultur-Podcast lauschteren, deen der op RTL Play an do, wou et Podcaste gëtt, fannt.