Sech fir d’Rechter an d’Gläichberechtegung vun der Fra anzesetzen, huet keng Altersgrenz.

Dat beweist nach ëmmer d’Berthe Lutgen mat hirer Molerei. An der Expo "femmes au travail" an der Abtei Neimënster sinn hir Biller momentan ze gesinn.

Déi 87 Joer al Feministin weist sech nach bis haut engagéiert. Zënter Jore revoltéiert si géint Ongerechtegkeeten, net nëmmen an hirer Konscht, si huet 1971 de Movement de Libération des Femmes (MLF) zu Lëtzebuerg gegrënnt.

An den ausgestallte Biller verschafft si Problematike vun haut a manifestéiert och hir Wënsch fir d’Zukunft.

Berthe Lutgen, Molerin an Zeechnerin: "Duerch d’Fra, duerch d’Fraefigure wëll ech weisen eng Welt a Fridden, déi am Einklang ass mat der Natur, ouni Krich, ouni Hongersnout, ech wënscht, ech hätt an e sou enger Welt gelieft. Ech hunn am zweete Weltkrich gelidden, ech hu géint de Vietnamkrich protestéiert an elo den Ukain-Krich."

Hir Motivatioun an hiert Engagement bleiwen nach ëmmer relevant. D’Ainhoa Achutegui, d’Direktesch vun der Abtei Neimënster, begleet d’Berthe Lutgen scho laang.

Ainhoa Achutegui, Direktesch Abtei Neimënster: "An elo hu mir erfahren, datt d’Berthe Lutgen an de leschte Joren och ganz vill produzéiert huet, virun allem an der Pandemie. An natierlech mat den üblechen Theme vum Berthe Lutgen, also Fraen a Fraerechter, Flüchtlingen an all déi Themen, déi natierlech eis Theme sinn, déi och de Valeure vun eisem Haus entspriechen."

An engem zweete Sall beschäftegt d’Kënschtlerin sech och mat Zeechnungen, déi d’Aarbecht vun der Fra an Zäite vun der Pandemie weisen. Dobäi referéiert si sech op d’Situatioun vun de Fraen an der Geschicht.

D'Berthe Lutgen: "D’Aarbecht vun der Fra ass schonn ëmmer duergestallt ginn, och souguer an der Antiquitéit, mee just an der Renaissance net, do sinn d’Fraen als Gëttinnen duergestallt ginn oder Madonnae mam Jesus Kand ...".

Déi 16 Zeechnunge ginn op engem mofen Hannergrond präsentéiert, d’Faarf vum Feminismus.