Den ZLS huet de Max Kuborn gefrot fir 50.000 Lëtzebuerger Sätz opzehuelen.

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch huet eppes Neits: elo kann ee sech net nëmmen eenzel Wierder am LOD ulauschteren, mä och ganz Sätz. An dës Lëtzebuerger Sätz gi vu kengem anere wéi dem Max Kuborn opgeholl, vum ale Wiederfräsch vu RTL.

Dat sinn am ganze 50.000 eenzel Sätz déi opgeholl ginn, an déi kann een dann op LOD.lu lauschteren. Esou huet ee méi Kontext, versteet d’Wuert dat ee sicht besser a kann esou méi einfach Lëtzebuergesch léieren.

3 Mol an der Woch geet de Max ophuelen an esou kommen an enger Woch ronn 2.500 Sätz an d’Këscht. Dat gëtt also net vun enger Maschinn generéiert, mä vun engem Mënsch getippt, well déi Sätz gi vun de Redaktere vum LOD erstallt an dann och nach zesummen diskutéiert, fir dass ee sécher ass, dass och méiglechst vill Elementer vum Lëtzebuergeschen am Saz vertruede sinn.

Esou ass net ee Saz wéi deen aneren a se hunn och all näischt mateneen ze dinn. Eng 6.000 Sätz si schonn an der Këscht a bis Ufank 2024 wäerten dann all déi 50.000 Sätz online sinn.

D'Verknäppung vum geschriwwene Wuert mam Audio ass dann ëffentlech zougänglech, domat kënnen Text-to-speach-Toolen awer och d’Siri an d'Alexa Lëtzebuergesch bäibruecht kréien.