VGalerie zu DiddelengD’Biller vun der däitscher Kënschtlerin Heike Simmer

Isabelle Gillen
An der VGalerie zu Diddeleng presentéiert d’Elena Valentiny den Ament Wierker vun der Kölner Kënschtlerin Heike Simmer. Et ass fir d‘éischt, dass d’Kënschtlerin zu Lëtzebuerg ausstellt.
D’Biller vun der däitscher Kënschtlerin Heike Simmer
An der VGalerie zu Diddeleng presentéiert d’Elena Valentiny Wierker vun der Kölner Kënschtlerin Heike Simmer.

Et si spontan Kreatiounen, meeschtens aus Acryl a Kräid, déi d’Heike Simmer op eng dynamesch Aart an hirem Atelier zu Köln kreéiert an déi een elo an der VGalerie ze gesi kritt. D’Kënschtlerin schafft mat hirem ganze Kierper a placéiert d’Leinwand, bezéiungsweis d’Holz, op deene si hir Biller moolt, um Buedem. Si bréngt mat grousse Pinselstréch, Schicht fir Schicht, Faarf op den Ënnergrond. Esou entsti villschichteg Konschtwierker, déi spéider mat Kräid komplettéiert ginn.

Aus deem Grond schafft d’Kënschtlerin haaptsächlecht am Groussformat, ma rezent huet si awer och eng Technik geléiert, fir an hirem Stil op kleng Holzplacken ze molen. E puer vun dëse klenge Kreatioune sinn och an der Vgalerie ze fannen. En aner Neiegkeet, déi een hei fënnt, ass e Bild, wat mat Uelegfaarf amplaz Acryl gemoolt gouf.

Der Heike Simmer hir Biller si weder eng Momentopnam nach Realismus, ma stinn awer am Dialog zoueneen. Den Titel vun der Ausstellung, "Dialogue", soll sech op der Kënschtlerin hire Schafensprozess bezéien, erkläert d’Elena Valentiny.

"Den Titel bezitt sech am Fong op hire kreative Prozess, wéi si schafft, well am Fong all Schratt e bëssen zesummen hänkt mat dem nächsten an awer och iergendwéi mat dem virdrun, esou dass de ganzen Aarbechtsprozess an engem Dialog zesumme steet. (...) Och d’Biller u sech sti jo och iergendwéi an enger Bezéiung zoueneen.“

D’Ausstellung vun der Kënschtlerin Heike Simmer kann ee bis de 27. Juni an d’vGalerie op Diddeleng kucke goen.

Back to Top
CIM LOGO