Mat engem Ständchen, Rousen an engem Gebuertsdagskuch wëlle Fans e Méindeg zu Hollywood den 100. Gebuertsdag vun der Film-Ikon Marilyn Monroe feieren. Virun dem historesche Kino Chinese Theatre um Hollywood Boulevard, wou dem Monroe seng Hänn-Ofdréck veréiwegt sinn, soll e Méindeg "Happy Birthday" gesonge ginn, sou wéi d'Schauspillerin et deemools scho beim berüümte Gebuertsdag-Ständche fir den US-President John F. Kennedy am Joer 1962 gemaach hat.
Passend zum Gebuertsdag sollen 100 Rouse virun dee Kino geluecht ginn, deen zu de bekanntste Symboler an der Filmgeschicht vun Hollywood zielt. Schonn e Sonndeg gouf am Academy-Musee zu Los Angeles d'Ausstellung "Marilyn Monroe: Hollywood Icon" opgemaach, an där d'Karriär vun der Filmlegend gewise gëtt. Ze gesi kritt een do ënner anerem och eng Rei legendär Filmkostümer, wéi zum Beispill dat rosat Kleed aus "Gentlemen Prefer Blondes" oder dat wäisst Kleed aus "The Seven Year Itch". De ganze Mount wäerten iwwerdeems déi bekanntste Filmer vum Marilyn Monroe gewise ginn.
Zu Los Angeles hate sech e Samschdeg scho méi wéi Dausend Leit zesummefonnt, fir de Guinness-Weltrekord vun der gréisster Versammlung vu Marilyn-Monroe-Kostümer ze briechen. Den ale Rekord vun 254 Persounen, deen am Joer 2020 an Australien opgestallt gouf, konnt dobäi labber getoppt ginn.
D'Marilyn Monroe war 1962 am Alter vun nëmme 36 Joer wéinst enger Iwwerdosis u Medikamenter an hirem Haus zu Brentwood bei Los Angeles gestuerwen.