
Aus dem Futtball melle verschidde Medien, dass de fréiere Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Luc Holtz kuerz virun der Ënnerschrëft beim FC Metz géing stoen. Eng offiziell Confirmatioun vun der Säit vum Veräin aus der Lorraine gëtt et aktuell nach net. RTL-Informatiounen no wier hien ee vu 4 Kandidaten, déi a Fro fir den Trainer-Poste kéimen.
Eréischt viru Kuerzem gouf jo bekannt, datt de Luc Holtz a Waldhof Mannheim getrennte Weeër géinge goen.
Den FC Metz dogéint ass dës Saison als Tabelleleschten aus der Ligue 1 ofgestigen an ass zanterhier op der Sich no engem neien Trainer.