Zënter 1984 zeechent d'Actioun Lëtzebuergesch reegelméisseg Leit aus, déi sech fir d'Erhale vun eiser Sprooch asetzen.

Deemools goung déi sëlwer Dicks-Rodange-Lentz-Plaquette un de Pierre Werner, virzejoert krut den Alain Atten dann déi Gëlle fir besonnesch Verdéngschter un der Lëtzebuerger Sprooch. Am Kader vun hirem Neijoerschpatt huet d’Asbl elo zwou Persoune geéiert, déi eppes mat Spréch a Lidder ze dinn hunn. Déi neiste Publikatioun iwwer Lëtzebuerger Virnimm mécht d'Offer vun de Sproochespezialisten da komplett.

De Kandels Jang langweilt sech bestëmmt net, well gesongen huet e schonn als Bouf. Lidder a Bicher iwwert se schreiwe koum dono. An alles zesummen ass säin Asaz fir d’Lëtzebuerger Sprooch der Actioun Lëtzebuergesch "Sëlwer" wäert.

An der Sproocheschoul vun der Clara Moraru soll ee Lëtzebuergesch op spilleresch Manéier léieren, mat hirer eegener Method an didakteschem Material. D’Actioun Lëtzebuergesch huet der gebierteger Rumänin mat der Bronzener Plaquette "Merci" gesot.

Fir ze liewen, muss eng Sprooch geschwat, e Virnumm geruff ginn. Därer op richteg Lëtzebuergesch, wéi d’Mamm se fréier an d’Gaass gejaut huet, kéimen effektiv nees an d’Moud, erkläert de President vun Actioun Lëtzebuerg Claude Bache. Eng Ännerung zu fréier gëtt et dann awer. Konnt een nach an der Zäit den Numm "Jemp" net als offizielle Virnumm androen, datt huet da misste "Jean-Pierre" sinn, kann een elo säi Kand awer och ganz offiziell "Jemp" oder och "Jempy" nennen. Fir de Claude Bache ass et dann effektiv eng flott Saach, datt ëmmer méi dacks Puppelcher an den Zeitunge bei de Gebuerte stinn, déi e Lëtzebuerger Numm hunn.

Verschwanne soll eis Sprooch esou bal net a mat hir mussen och d’Lëtzebuerger Lidder bleiwen, esou wéi d'Lidd "Minetter Jong" vun de "Gaassebouwen". Well se vu Land a Leit zielen, vun de Géigenden an de Bräich, seet Kandels Jang.