Dem Editeur no goufen den éischten Dag 1,4 Milliounen engleschsproocheg Exemplaire verkaaft.

D'Memoirë vum Harry schloen héich Wellen, well de Prënz privat Detailer bekannt gëtt, haart mat senger Famill an d'Geriicht geet a mat der brittescher Boulevard-Press ofrechent. Och zu Lëtzebuerg war d'Nofro um éischten Dag grouss. De Bicherbuttek Ernster huet an den éischte sechs Stonnen eng 126 Exemplaire verkaaft.

Rezente Sondagen no sinn d'Popularitéitswäerter vum Harry a senger Fra Meghan staark an de Keller gaangen.