E Mëttwoch zu Fréiseng: Mam Kameramann Mike Elsen hat ech Rendez-vous mam Jang Linster. Mat engem Laachen am Gesiicht an der Fro "Kaffi?" gi mir begréisst.

D'Äis ass gebrach a mäin éischten Asaz fir de "Sonndesinterview" mat deem Mann, dee Generatioune vu Lëtzebuerger gepräägt huet, kann ufänken.

Fuesent: E Synonym fir "Fausti"
De Jang Linster verréit eis, datt hien am Fong ni e Fuesgeck war: "Fuessonndeg sinn ech doheem. Ech si keen absolutte Fuesbok, dee sech elo do misst ameséieren."

1983 huet de Museksproduzent déi éischte Plack mam Faustino Cima opgeholl. "Fuesparty mam Fausti" huet déi geheescht. D'Iddi war et d'Leit z’ameséieren, zum Laachen an Danzen ze bréngen. "Vu klengem un huet de Fausti mat sengem Papp a senge Bridder Danzmusek gespillt. Hien huet vu klengem u Sue mat der Musek verdéngt. Een, deen haut Musek mécht, kann dat, well de Papp sech dat leeschte kann", sou de Jang Linster weider.

RTL

© Mike Elsen

"Zwou Bulle Mokka"

1995 war dësen Ouerewuerm gebuer. "D'Kanner hunn doranner eng Glace gesinn an déi Erwuessen hunn aner Saachen doranner gesinn. Sou konnt jidderee sech dat virstellen, wat e wollt", erkläert de Museksproduzent.

Zwou Bulle Mokka vum Fausti
Archivbiller vu Februar 2001

"Et ass ze deier op der Playa": Op dat Lidd hat de Jang Linster gesat. Ma et koum awer anescht: "Mir danzen Cha Cha Cha am Pyjama" huet de Kanner am Beschte gefall.

"Wei kann et e Storm ginn, wa kee Brain do ass"

Sou d'Reaktioun vum Lëtzebuerger Musek- a Videoproduzent op meng Fro, wéi e Lidd entsteet. De Jang Linster hält näischt vu "Brainstorming", also d'Käpp zesumme strecken an Iddie sammelen. "Du kanns net soen, komm mir setzen eis zesummen a schreiwen e Lidd. Dat gëtt iwwerhaapt näischt. Do kënnt kee Resultat eraus".

Wann en neit Lidd komponéiert gouf, huet de Jang Linster den Text geschriwwen an den Ab van Goor huet d'Musek dozou komponéiert. Kreativ huet dat alles gestëmmt, esou de Linstesch Jang. Duerno huet de Fausti d'Lidd presentéiert kritt.

RTL

© Mike Elsen

Vun den "Challengers" bis haut: de Jang Linster alias "Jangli"

Zesumme mat Kolleegen huet de Jang Linster d'"Challengers" gegrënnt. Ganz am Ufank war dat en Danzorchester. "An der Fuesent hu mir 'heute blau, morgen blau und übermorgen wieder' gespillt. Déi typesch däitsch Fueslidder."

Zu Oochen huet de Jang Linster studéiert. Säi Papp wollt hunn, datt hie sollt Ingenieur ginn. Seng Schwëster, d'Lea Linster, sollt Affekot ginn. "Dat si mir awer ni ginn".

Am Kulturjoer 1995 goufen 3 Placken opgeholl. D'Monica Semedo mat "Ech si frou", de Fausti mat der "Fiesta" an eng Chrëschtplack. "Ech hunn dat ni esou geplangt. Ech hunn et ëmmer komme gelooss, ewéi et kënnt. Dat gemaach, wat Spaass gemaach huet".

Mëttlerweil ass de Jang Linster, alias "Jangli" zanter 43 Joer aktiv. Musek a Kannerfilmer gi produzéiert. Un d'Ophalen denkt hien och mat 70 nach net.