
© Valentin Dufour
D'Shania Schaber a Charlotte Elsen sinn net nëmme bescht Frëndinnen, mä leeën och zanter zwee Joer zesummen als "ShaCha" op.
An der Tëschenzäit sinn si dee bekanntste weiblechen DJ-Duo am Land. Dat wier och eng zimmlech Nisch hei zu Lëtzebuerg, sou di zwee. Allgemeng wier et nämlech sou, dass nach ëmmer vill méi Männer an der Industrie ënnerwee wieren, wéi Fraen, och wann et an deene leschte Jore besser gi wier.

© Philippe Schroeder
"Ech mengen, mir sinn deen eenzegen, aktiven DJ-Duo hei zu Lëtzebuerg a mir hunn do schonn e bëssen eis Nisch fonnt", sou d'Shania. "Et si schonn net immens vill Fraen an der Industrie an ech mengen, dat huet eis och immens vill Dieren opgemaach. Mir sinn elo nach net esou laang dobäi, mä mir kruten elo schonn esou vill Opportunitéiten. Et ass heiansdo schwéier als Fra ze wëssen op ee geholl gëtt, well een eben eng Fra ass an et net vill weiblech DJe ginn oder well hinnen däi Museksgenre a -Stil gefält. Mir haten um Ufank immens Problemer domat, mä ech mengen, dass dat och schéin ass, well et weist, dass d'Leit méi Meedercher an där ganzer DJ-Kultur hunn."
Hiren éischte richtege Gig hate ShaCha viru gutt annerhallwem Joer op engem Gebuertsdag. Zanterhier hu si schonn, ënner anerem am Atelier, an der "Bonne Nouvelle" Bar, an an der Villa Vauban. Fir den Ament leeë si also gréisstendeels zu Lëtzebuerg op, obschonns d'Shania zu Madrid an d'Charlotte zu Wien wunnen.
"D'Shania an ech wunnen u sech net méi am nämmlechte Land zanter dass ech 16 sinn, well ech deemools geplënnert sinn, mä mir sinn am Fong schonn zanter 22 Joer befrënnt sinn", laacht d'Charlotte. "Et ass immens schéin, well mir et ëmmer hikruten a Kontakt ze bleiwen a wou sech dat mam DJen erginn huet, krute mir dat och zimmlech gutt hin, well mir schonn un dee 'long-distance' souzesoe gewinnt waren."

© Valentin Dufour
Éier si Gigs hunn, probéiere si awer ëmmer nach eng Kéier zesummen ze üben. Dat wier via Telefon dann awer schwéier ze maachen.
Fir den Ament konzentréiere si sech haaptsächlech op d'Opleeën, a géifen och gären dëst Joer Vinyl-Coursen huelen, fir ze léieren, mat Placken opzeleeën. Produzéiere steet och nach op der To-Do-Lëscht, riskéiert awer net an noer Zukunft ofgehaakt ze ginn.
Méi Informatiounen zu ShaCha an Detailer zu hire Gigs fannt dir op hire soziale Medien.