De klenge Maarnecher Festival huet dëst Joer eng nei Iddi ëmgesat. En internationale Concours fir Trombone oder Posaune-Spiller.

140 Demanden aus der ganzer Welt waren erakomm, an 3 Museker hu sech am Cube521 zu Maarnech fir d’Finale erëmfonnt.
3 Kandidaten, 2 Spuenier an en Hollänner, hu sech an der Finale erëmfonnt. Zesummen mat der Militärmusek huet jiddereen 2 Stécker gespillt, jiddereen déi selwecht 2 Stécker an ee Kandidat nom aneren. Ee klassescht Stéck war ze spillen, an eent, dat vum Lëtzebuerger Georges Sadler extra fir de Concours geschriwwe gouf.

Mir hunn déi 3 Kandidaten niewenteneen an d’Bild gesat, fir dass der gesitt, wéi ënnerschiddlech een dat selwecht Stéck ka spillen. An d’Entscheedung vun den 8 Jurysmemberen war eendeiteg, seet de President vun der Jury, de Michel Bequet.

Roberto de la Guia heescht den 28 Joer ale spuenesche Gewënner vun der "Michel Bequet International Trombone Competition". Obschonns hien virdrun schonn un Concoursen deelgeholl hat, war hien zu Maarnech awer gestresst an beandrockt.