Mat iwwer enger hallwer Millioun verkaafte Spiller a Japan gehéiert de Jean-Claude Pellin definitiv zu den erfollegräichste Lëtzebuerger Spill-Auteuren.

Säin Duerchbroch hat de Jean-Claude Pellin mam Spill "Nine Tiles", e klengt awer geniaalt Spill, bei deem et drëms geet, kleng Plättercher ze verréckelen an ze dréien, an esou méi séier d'Léisung vum Problem ze fannen, wéi seng Matspiller. D'Zuele schwätze fir sech: Eleng a Japan, wou d'Spill separat op Japanesch released gouf, gouf et iwwer 500.000 Mol verkaaft.

Ma wéi vill vun eis, kann och de Jean-Claude Pellin sech u seng éischt Beréierung mat Brietspiller als Kand erënneren: "An den 80er Joren huet ee gespillt, wann ee mat den Elteren an d'Vakanz gaangen ass. Ech weess nach ee Spill, an dat hunn ech och elo wéini op engem Floumaart erëmfonnt, nämlech "Hol's der Geier" vum Alex Randolph. Wou ech dat gesinn hunn, ass mer agefall, dass dëst eent vun den éischte Spiller war als Kand, dat ech gespillt hunn."

Dem Jean-Claude Pellin seng Spillerfarungen als Kand

Spiller, déi hien da spéider beaflosst hunn, respektiv méi an d'Welt vun de Brietspiller gefouert hunn, si Klassiker wéi "Siedler von Catan" vum kierzlech verstuerwene Klaus Teuber oder "Tikal" vum Wolfgang Kramer a Michael Kiesling. Ma och déi ganz Rei un MB-Spiller, déi deemools eraus komm sinn an eng Zort Kultstatus entwéckelt hunn, sinn him a gudder Erënnerung bliwwen. Heizou gehéiere Spiller wéi "Hero Quest" oder och nach "Die Jagd nach dem Blutroten Rubin".

"Et waren ëmmer Spiller, wou s de dech als Kand konnts an déi Welt eraversetzen a mir waren ëmmer faszinéiert vu Maya-Tempelen, déi s de da konnts erkunden oder wou s de iergendeppes fonnt hues", sou de Jean-Claude Pellin, deen och fënnt, dass an där Zäit d'Videospiller zwar e Boom haten, ma laang net sou immersiv waren, wéi Brietspiller deemools.

Brietspiller - Eng immersiv Erfarung

E Super Mario deemools hat einfach manner Story an dowéinst war et fir hien net sou einfach, an déi Welt anzedauchen. Haut ass dat mat méi Story a besserer Grafik natierlech vill méi einfach, ma och Brietspiller hätte sech dem Spill-Auteur no an de Joren nach weider adaptéiert.

Videospiller a Brietspiller mateneen ze vergläichen, wier senger Meenung no iwwregens net de richtege Wee. A béide Fäll wier et wichteg, de Leit eng Spill-Kultur méi no ze bréngen. Et géifen och ganz vill Parallellen tëscht béide Beräicher ginn, respektiv et ginn einfach Punkten, déi e Brietspill besser ka wéi e Videospill an ëmgedréit.

Fir de Spill-Auteur wier et och wichteg, emol heiansdo Videospiller ze spillen, fir einfach ze wëssen, wat an där Welt geschitt a fir um neiste Stand ze bleiwen, och wann dofir d'Zäit dacks feelt. "Et ass natierlech och eppes anescht. Wann s de e Brietspill spills, du sëtz zu 4 do. An da bass de natierlech konfrontéiert mat deene Leit, déi vis-à-vis vun der sëtzen. Hei ass ee konfrontéiert mat Leit géint déi e verluer huet, deen dann an deem Moment eventuell op der anerer Säit vun dir glécklech do sëtzt, well hie gewonnen huet. Oder aneschters, du muss och léieren ze gewannen. Da sëtzt vläicht op der anerer Säit een dee frustréiert ass, villäicht hues de dat och net gären. Ech menge beim Videospill gesäis de deen net."

Den Ënnerscheed vu Brietspiller zu Videospiller

RTL

© David Winter

Hannert Spiller stinn Auteuren, dat ass ville Leit net bewosst

Fir de Jean-Claude Pellin ass et ëmmer interessant gewiescht, wien dann hannert engem Spill stécht, wien op d'Iddi hannendru komm ass a wat een eventuell kann anescht, respektiv besser maachen. Iwwert dee Wee koum dunn och séier de Gedanken, och emol selwer eng Kéier e Spill z'entwéckelen. Bis zum éischte Brietspill ass et awer e laange Wee, wou et och vill Hürde géif ginn: "Et ass net eng Iddi, déi een am Kapp huet, wou ee seet 'dat do funktionéiert elo super' an dat funktionéiert et vun der Mechanik hier. Dann ass een awer nach ganz wäit dovunner ewech, dass een zum Beispill en Editeur fënnt, deen dat Spill och wëll erausbréngen, deen dann e Grafiker an en Illustrator sicht, fir dat ganzt z'illustréieren, bis et dann zu engem fäerdege Produit gëtt."

De laange Wee vum eegene Brietspill

Nine Tiles heescht dat Spill vum Spill-Entwéckler, dat bei Wäitem de gréisste Succès huet. Eleng a Japan gouf d'Spill iwwer eng hallef Millioun Mol scho verkaf. Esou e Succès ass un e puer Elementer festgemaach: D'Spill muss funktionéieren a gär gespillt ginn an et muss zu der richteger Zäit beim richtegen Editeur erauskommen, dat mat engem uspriechenden Design.

De Jean-Claude Pellin gëtt ze bedenken, dass et gutt Spiller ginn, déi awer kee Succès hunn, an dass et och manner gutt Spiller ginn, déi awer extrem gutt bei de Leit ukommen a vill verkaaft ginn. Bei sengem Spill "Nine Tiles" war d'Situatioun dann och e wéineg eng speziell: "D'Spill ass dono bei "Oink Games" erauskomm, engem grousse japanesche Verlag. Dat war awer net d'Ursprongsiddi. Et war dat 2. Spill dat ech erausbruecht hunn, dat 1. hat ech bei engem klengen, belsche Verlag erausbruecht, Azao Games, zesumme mam Christian Kruchten. An dunn hat ech eng Iddi dono eleng, wou ech zu Azao Games gesot hunn 'hei lauschter, ech hunn hei e Spill, dat funktionéiert einfach, d'Reegele sinn an 2 Minutten erkläert, d'Spill ass a 5 Minutte gespillt, dat dote fonctionéiert'. Do hunn ech gesot, zu Essen op der Spielemesse, 'hei ech gi ronderëm, ech weisen dat do Editeuren, fir e Feedback ze kréien, awer ech maachen d'Spill mat dir zesummen als Editeur. Dat hunn ech dunn och gemaach, an de Feedback war duerchaus positiv vun de Verläg."

De Release vun Nine Tiles

Ënnert anerem Oink Games kruten de Prototyp vum Spill op der weltbekannter Foire gewisen, ma hu sech awer nach zeréckgehalen. Deemools war den Numm vum Spill iwwregens och nach "Summer Camp" an d'Spill war och nach an engem komplett aneren Design gehalen. Majo e wéineg méi spéit koum awer dunn eng Email vum grousse japanesche Verlag, dat direkt mat engem Vertrag fir d'Spill.

Obwuel a sech Azao Games d'Spill jo versprach krut, huet de Jean-Claude Pellin d'Chance awer missen ergräifen, sou dass ausgehandelt gouf, dass Oink Games d'Rechter fir déi japanesch an englesch Sprooch géif kréien an Azao fir de Recht vun der Welt. Nodeems d'Spill bei Oink Games e richtegen Erfolleg ginn ass, sinn och aner Editeure weltwäit op d'Spill opmierksam ginn. Ënnert anerem ass d'Spill dunn och nach a Korea oder och ënner Asmodee an Italien, respektiv an Israel erauskomm.

RTL

Nine Tiles gouf dann och vum japaneschen Editeur schlussendlech an engem méi abstrakte Look released, dat an Ofstëmmung mam Lëtzebuerger. Ma dëst wier awer kloer de Rôle vun engem Editeur, fir ze kucken, dass de Look vum Spill passt, dat eben an Aklang mat de Mechaniken. Dass engem do a säi Spill eragefuscht gëtt, wier awer normal, esou géife Spill-Editeure funktionéieren.

Et verkeeft een dem Editeur eng Iddi an deen dierf laut Kontrakt do en Thema, Grafik an Numm dropsetzen. Hei probéieren dann am beschte Fall Auteur an Editeur eens ze ginn. Un der Spillmechanik dierf en Editeur iwwregens näischt änneren, ausser den Auteur ass kloer domadder averstanen. Majo a sech wier een awer frou als Auteur, wann en Editeur mat engem zesummeschafft, virun allem beim 1. oder 2. Spill.

A Mechaniken oder an Themen denken?

E Spill besteet jo dacks aus enger Mëschung aus gudde Mechaniken, déi ënnertenee funktionéieren an d'Spill och zu engem Spill par Definitioun maachen, an op der anerer Säit aus engem gudden Design, enger Thematik, dat Loscht op d'Spill mécht an dem Spill och e Gesiicht an e Charakter gëtt. Ma wéi geet een hei erun als Auteur, fir d'Spill ze kreéieren? Hei géifen et 2 Linne ginn, zwou Zorte vun Auteuren: "Déi eng, dat sinn déi, komm mir soen, déi a Mechaniken denken. Déi hunn eng abstrakt Iddi vun enger Mechanik, déi et an engem Spill ka ginn, am Kapp. An deenen ass et och wichteg, déi Saach auszereizen an dorausser eng flott Mëschung aus verschiddene Spillmechanismen ze kreéieren, déi funktionéiert [...] Da ginn et awer Auteuren, déi éischter aneschters un déi Saach eruginn. Ech gesi mech och éischter zu där Kategorie un Auteuren. Déi hunn en Theema am Kapp a kucken 'Wéi kann ech dat Theema elo ëmsetzen, dat op eng Spillmechanik, déi op e Spillbriet passt". An anere Wierder ergëtt sech d'Mechanik aus dem Thema, et probéiert een eng Mechanik ze fannen, déi Sënn ergëtt an och passe géif.

Mechanik an Thema beim Brietspill

Beim Verkaf vum Spill leeft et da generell ëmmer sou of, dass een e Kontrakt huet, bei deem een dem Verlag als Auteur fir eng gewësse Period d'Rechter vun de Mechanike gëtt, déi deen dann och dierf benotzen. Prinzipiell, esou de Jean-Claude Pellin, wier dat eng Period vun 3 Joer, déi da vu Joer zu Joer erneiert gëtt, wa se nei Spiller drécke wëllen. "Oft ass et och esou, dass einfach emol gesot gëtt, lo gëtt eng gewëssen Unzuel u Spiller produzéiert, soe mer elo emol 2.000, well dat ass e bëssen eng magesch Zuel, déi musse produzéiert ginn, fir dass et sech rentéiert fir de Verlag, d'Spill iwwerhaapt erauszebréngen."

D'Prodkutioun vun de Spiller beim Verlag

Den Auteur selwer gëtt dann iwwert d'Auteursrechter un de Verkeef bedeelegt, dat iwwert e festgeluechte Prozentsaz. Spiller, déi eng gewësse Popularitéit hunn, wéi dat bei Nine Tiles dann och de Fall ass, kommen och spéider nei Editiounen, Erweiderungen a Variante vum Spill eraus. Hei keeft de Verlag dann eng Lizenz, beispillsweis vu Pokémon, a benotzt déi Lizenz dann, fir d'Spill an enger spezieller Editioun erauszebréngen, sou wéi dat bei Nine Tiles och gemaach gouf. Iwwert de Wee probéiert de Verlag dann, nach eemol méi Spiller ze verkafen. Eng nei Variant ass och scho fir d'Spill geplangt. Dës soll Nine Tiles Extreme heeschen a kann als eenzelt Spill kaf ginn, fir dat een d'Original also net brauch (Standalone Game), anescht wéi ebe bei klasseschen Erweiderungen.

RTL

© David Winter

Game-Designer als Vollzäit-Beruff?

Fir de Jean-Claude Pellin war et de perséinleche Choix, net vollzäit Brietspiller ze designen. Säi Beruff beim SNJ géif hie ganz gäre maachen, genee sou gär, wéi hien och Spiller entwéckelt. Hien huet awer gemierkt, dass wann ee wëll kreativ sinn, dat besser geet, wa manner Drock do ass. Reng theoretesch kéint hien dat Vollzäit maachen an och gutt dovunner liewen. Ma hei wier een dann natierlech vill méi drop ugewisen, Optragsaarbechten ze maachen.

Op der anerer Säit kann een awer och emol mat méi klengen Editeuren zesummeschaffen, fir Spiller ze publishen, déi engem perséinlech um Häerz leien an net per se dausende Kopië mussen ze verkafen. Als Vollzäit-Auteur muss ee sech ëmmer iwwerleeën, wéi engem Editeur een dat Spill gëtt a wat een dorausser zéie kann.

Spillfabrik a Game On

Wien elo op de Goût komm ass an eventuell Loscht huet, sech méi mat Brietspiller ze befaassen, fir deen ass d'Spillfabrik, bei där de Jean-Claude Pellin och Vizepresident ass, wuel déi richteg Plaz. Enn dës Joers ass dann och traditionell d'Game On an de Rotonden, déi een als Fan op kee Fall sollt verpassen. De Jean-Claude Pellin mat méi Detailer an Erklärungen:

D'Spillfabrik a speziell d'Game On
De Brietspill-Auteur Jean-Claude Pellin - Reportage David Winter