Maart a Musek zu Wolz

© Caroline Martin
E Freideg den Owend ass et nees souwäit: Da steet eng weider Editioun vum Maart a Musek zu Wolz um Programm.
Wärend engem gemittlechen Owend a flotter Ambiance stellen hei Produzenten an Hobbykënschtler aus den 3 Naturparken hir handwierklech a regional Produite vir.
Wéi den Numm et scho seet, erwaart een hei e Maart mat Verkafsstänn, dat ganz encadréiert vu live Musek. Op wat ee sech hei freeë kann, weess d'Hélène Muller, Responsabel fir d'Organisatioun vum Maart a Musek:
"Et ass eng bont Mëschung, et gi Liewensmëttel, et ginn nohalteg Produkter fir déi ganz Famill: Téi, Kraider, Seef, Likören, Spillsaachen, Bicher, Liederwueren an nach villes méi."
Lass geet et um 18 Auer. Déi däitsch unplugged Band "Rumbacoustic" wäert hei fir déi richteg Ambiance suergen. Ma net nëmmen dowéinst sollt ee sech dëst net entgoe loossen.
"De Maart a Musek ass e ganz flotten Event, wou een einfach ee flotten Owend ka verbréngen an enger entspaanter Atmosphär mat gudder Musek, guddem Iessen an eben interessante Verkafsstänn."
Ëm d'Iessen a Gedrénks këmmere sech direkt e puer Veräiner vu Wolz an hei ass de Choix och deementspriechend grouss. Fir op de Maart a Musek ze kommen, ginn et direkt e puer Méiglechkeeten:
"Wolz ass eigentlech ganz gutt un den ëffentlechen Transport ugebonnen, dat heescht ganz einfach kënnt ee mam Bus dohinner. Leider fiert den Zuch déi Zäit net, mee och do fueren dann Ersatzbusser an d'Detailer kann een dann och op mobiliteit.lu nosichen."
Falls ee mam Auto kënnt, ginn et awer och genuch Parkméiglechkeeten zu Wolz selwer. An dann ass et och nach den Appell vun den Organisateuren, säin Akafskuerf net ze vergiessen. Méi Informatioune fannt Dir um Site vum Naturpark Öewersauer.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg:Sudstroum Escher Kulturlaf
Den Tipp vun en Dënschdeg:Erzielwanderung zu Lëlz: Natur, Skulpturen a Geschichten
Den Tipp vun e Mëttwoch:Kino beim Schlass zu Suessem