Wéi den Direkter vum TIFF Cameron Bailey matdeelt, wäert déi Lëtzebuerger Actrice de Präis e Sonndeg iwwerreecht kréien.

Mat dësem gi Membere vun der Filmindustrie, wéi Schauspillerinnen oder Regisseuren, fir aussergewéinlech Leeschtunge geéiert.

D'Vicky Krieps kritt de Präis fir hiren aussergewéinlechen Oeuvre. Wéi et vum Bailey heescht, géifen der Lëtzebuerger Actrice hir Performancen de Kinosschierm zum Liichte bréngen an Emotiounen zu enger Leinwand u Storytelling verflechten. Hieren Asaz an hir Fäegkeet divers Rollen op eng authentesch Manéier ze spillen, géife si zu enger Liichtgestalt an der Kinoswelt maachen.

An der Vergaangenheet goufen ënner anerem de Brendan Fraser, de Benedict Cumberbatch, den Anthony Hopkins, d'Kate Winslet an d'Meryl Streep mat dësem Präis ausgezeechent.