De Michael Gambon, deen ënnert anerem aus den Harry-Potter-Filmer bekannt war, ass am Alter vun 82 Joer gestuerwen.

Seng Fra Lady Gambon a säi Jong Fergus hunn an engem Statement matgedeelt, de Schauspiller wier friddlech am Spidol verscheet, mat senger Famill u senger Säit. Hie war mat enger Longenentzündung ageliwwert ginn.

Deene meeschte wäert de Michael Gambon a senger Roll als Albus Dumbledore an Erënnerung bleiwen. Nom Dout vum Richard Harris nom éischte Film an der Serie huet hien d'Roll vum bäertegen an exzentreschen Direkter vun der Zaubererschoul iwwerholl. Och an de Filmer "Sleepy Hollow" an am Peter Greenaway sengem "The Cook, the Thief, His Wife and Her Lover" huet hie matgespillt.

Mat senger memorabeler Stëmm huet de Michael Gambon och an enger Rei Filmer d'Audio-Rollen iwwerholl, zum Beispill als Narrateur am Film "Hail, Ceasar!" vun de  Cohen Bridder. Hie war a Groussbritannien awer och als klasseschen Theaterschauspiller bekannt. Fir seng Soll am Arthur Miller sengem "A View from the Bridge" huet de Michael Gambon de prestigiéisen Olivier Award gewonnen.