De Claude Fritz ass dout

Um Méindeg koum déi traureg Nouvelle, dass de Claude Fritz am Alter vu 75 Joer gestuerwen ass.
Bekannt als Theaterschauspiller a Sänger huet de Claude Fritz vun 1970 un zu der Trupp vum Lëtzebuerger Theater an der Revue gehéiert a war tëscht 1975 an 1983 och do de Regisseur. 1980 huet de Claude Fritz mat ganz groussem Succès dat éischt Lëtzebuerger Musical „Hopp Marjänn“ vum Pol Pütz a Pierre Nimax op d’Bün bruecht.
Dernieft huet hien awer och dacks an aneren Theatere wéi de Kasemattentheater oder de Kapuzinertheater gespillt.
Zanter der Grënnung vum Ensembel Dentheater.lu am Joer 2005, wou hien och ee vun de Grënnungsmembere war, war de Claude Fritz ganz aktiv a senger Roll als Responsable artistique, hien huet inzenéiert a gespillt. Erënnere mer do fir der nëmmen e puer se nennen un: „Zwee Häerzer fir een Taxi“, „Du brauchs kee Strack“, „D’Schwéieschen“ oder „GeDICKS“.
D'RTL-Redaktioun dréckt der Famill a Frënn d'Bäileed aus.
