
En Donneschdeg de Mëtteg hunn d'Filmakademie an de Filmfong déi Nominéiert fir de Lëtzebuerger Filmpräis 2023 presentéiert. Déi 400 Membere vun der Filmakademie mussen aus 40 Produktiounen an 12 Kategorien 11 Laureaten designéieren.
Fir d'Kategorie "Bescht XR-Wierk" stëmmt e Fachjury of, deen sech aus der Françoise Poos, dem Toby Coffey an der Ana Brzezinska zesummestellt. Fir déi "Bescht Originalmusek" ginn et sechs Nominéierter, woubäi zwou Persounen no der éischter Ronn op der 5. Plaz louchen. Déi zweet Ronn fänkt den 13. Oktober un an hält de 4. November op.
Donieft gëtt et e spezielle Präis vun der Association luxembourgeoise de la presse cinématographique (ALPC).
D'Präisiwwerreechung gëtt den 11. November am Groussen Theater an der Stad organiséiert. Den Owend ass den "Talenter vum lëtzebuergesche Film gewidmet" ass. Dëst Joer gëtt d'Soirée vun der Anne Simon an dem Jeff Schnicker inzenéiert a vun de Schauspiller Magaly Teixeira a Max Thommes moderéiert.