Wärend der Orange Week Enn November gëtt op d’Thema Gewalt géint Fraen opmierksam gemaach.

Eng vun dräi Fraen ass Statistiken no zu Lëtzebuerg schonn eng Kéier Affer vu Gewalt ginn. Et ass een Thema, iwwert dat déi lescht Joren ëmmer méi geschwat gëtt, wat awer laang éischter zu den Tabutheme gehéiert huet. Et ass wichteg, dass driwwer geschwat gëtt, fir eng Sensibilitéit an der Gesellschaft ze kréien. An et ass genee do, wou d'Literatur e wichtege Rôle ka spillen: Perspektive weisen, Geschichten erzielen a Mëssstänn ukloen, wou et néideg ass.

Hei si véier Bicher, déi ech perséinlech als wichteg Wierker empfannen, wann et ëm d'Thema vun der Gewalt géint Frae geet.

Chanel Miller - "Ich habe einen Namen"

An der Chanel Miller hire Memoiren duerchlieft ee mat hir déi verschidde Stadie vun der Trauer, der Heelung an dem komplizéierten a frustrante Prozess viru Gericht. Et gëtt ee gudden Abléck an d’Erfarung, déi een Affer maache muss an deene Méint a Joren no engem Verbriechen. Fir mech ass et een immens wichtegt Buch, dat jidderee sollt liesen.

RTL

© Lea Schwartz

Et geet dorëms ze verstoen, wéi ee Schued Gewalt bei den Affer hannerléisst. Fir d’Affer ass et awer och eng Geschicht vun der Hoffnung, eng Perspektiv op een Duerno. Dobäi kënnt, dass d’Chanel Miller fantastesch schreift.

Den amerikanesche Justizsystem steet am Buch och an der Kritik, virun allem den Ëmgang mat den Affer. Dat kann een net eent zu eent mam lëtzebuergesche vergläichen. E Lëtzebuerger Point de Vu gëtt et dofir awer am nächste Buch.

Dr. Mary Faltz - "Grausam verraten"

Eng Lëtzebuerger Autorin ass dogéint Dr Mary Faltz. Si ass eng klinesch Wëssenschaftlerin a Pharmazeutin an huet hir Erliefnisser aus hirer Kandheet an engem Buch festgehalen. A "Grausam verraten" schwätzt si iwwert déi 16 Joer sexuelle Mëssbrauch, deen hire Papp hir ugedoen huet. Réischt mat 26 Joer huet si eng Plainte géint hire Papp gemaach.

RTL

© Lea Schwartz

E kompletten Artikel iwwer d'Buch fannt Dir hei.

Kate Elizabeth Russel - "Meine Dunkle Vanessa"

Nieft zwou Autobiographien, elo eng fiktional Geschicht. Et ass awer sécherlech kee Buch, dat an d’Kategorie "liicht Lektür" fält. Et léisst engem zu Zäiten d’Hoer zu Bierg stoen.

RTL

© Lea Schwartz

Et geet ëm eng Schülerin, déi eng Affär mat hirem Schoulmeeschter huet. Et ass awer virun allem eng Geschicht vu Manipulatioun. An wéi a firwat een Affer sech net onbedéngt direkt als Affer gesäit, wéi ënnerschiddlech verschidde Mënsche mat traumateschen Erfarungen ëmginn, an, dass een Affer och Joren drop nach eescht sollt huelen. Absolutt liesenswäert fir méi Verständnis fir eng komplex Thematik ze kréien.

Carmen Maria Machado - "Archiv der Träume"

Ech ginn zou, ech hunn dat hei Buch nach net gelies. Dofir kann ech a sech just vun der Beschreiwung ausgoen, a vun deem ,wat ech bis elo iwwert Buch héieren hunn. An dat kléngt souwuel thematesch extrem relevant a literaresch richteg spannend.

Am Buch schreift d’Carmen Maria Machado vun hirer abusiver Bezéiung zu hirer Ex-Frëndin. Dobäi geet et och ëm emotional Gewalt, ënnert där si gelidden huet. Et wéist, wéi vill verschidde Formen Abus kann unhuelen. An virun allem och, dass et net deen een Täter gëtt. Gewalt kann an esou villen Nuancen optrieden an et ass wichteg, si kënnen ze erkennen. Als Affer, awer och eventuell als onbedeelegten Zeien.

Wat och nach besonnesch un deem Buch ass, dass déi verschidde Kapitel a verschiddenen Genre geschriwwe sinn. Eng Kéier huet et e Gothic Hauch, eng aner Kéier liest et sech wéi am Märchen, oder huet een Touch magesche Realismus. Et steet also bei mir ganz uewen op menger Lëscht u Bicher, déi ech nach liese wëll.

Wéi eng Bicher feelen op der Lëscht? Schreift et an d’Kommentaren!

Dir sidd Affer vu Gewalt? Hei sinn nëtzlech Adressen: 

Service Umedo

Beim Service Umedo kann een all d’Tracen vu Gewalt archivéiere loossen, och dann wann een nach net prett ass fir eng Plainte ze maachen.

Voix des Survivant(e)s 

Eng Asbl, déi Iwwerliewender vu sexueller Gewalt gegrënnt hunn.

Femmes en détresse