Ënnen am Gronn, friddlech am Häerz vun der Alstad, steet d'Abtei Neimënster, déi zanter 29 Joer zum UNESCO Weltierwen gehéiert.

Obwuel d'Abtei Neimënster schonn zanter bal 20 Joer eng ëffentlech kulturell Institutioun ass, hu se am gotesche Klouschter hir geeschtlech Séil behalen. De Bau vun dëser Abtei  huet am Gronn 1606 ugefaangen, dëst no der Zerstéierung vun engem mëttelalterleche Klouschter ganz an der Géigend , um Bockfiels.  Dës Platz war bis 1796 eng Abtei . Och haut nach gëtt de kulturelle Standuert mat der Silhouette vu senger Kierch identifizéiert an dëst obwuel d'Kierch Saint-Jean aus dem Grond net zum Centre culturel gehéiert, aktuell ass et eng  Kultplaz, wou am Gronn gebiet gëtt. D'Kierch, déi mat senger ganzer Pracht iwwerzeegt, gouf et schonn ier d'Abtei gebaut gouf, entstanen zu Éiere vun der Jongfra Maria an dem hellegen Jean-Baptiste, déi op 1309 zeréckginn.

Um 1. Stack vum Haaptgebai verstoppt sech awer och nach en onopfällegt Zëmmer, eng kleng Kapell, déi net méi a Gebrauch ass, ma et ass do, wou d'Evenementer stattfannen. De Charme, den Altor, d'Glasfënstere wéi och den dekoréierte Plaffong bloufen erhalen .

Nodeems d'Benediktinesch Klouschter verschwonne war, huet d'Abtei awer manner hell Zäiten, mä stiermesch Deeg erlieft. 1799 gouf d'Abtei an e Prisong ëmgewandelt , dono gouf se am 19. Joerhonnert an e Militärspidol fir déi preisesch Arméi ugepasst, ier se nees e Prisong gouf. Am 2. Weltkrich huet de Prisong politesch Resistenzler ënnerbruecht, déi vun den Nazien agespaart goufen. Et war awer och en Transitpunkt fir 3.500 deportéiert Lëtzebuerger. D'Abtei Neimënster war also bis 1985 e Prisong. Bis haut goufen d'Prisongsdieren erhalen, fir un dës däischter Period vun der Lëtzebuerger Geschicht ze erënneren.

D'Zelle goufen an e kreativen Espace ëmtransforméiert, wou hautdesdaags Artiste schaffen, en Espace fir Theater, Danz, Musek, visuell Konscht, Skulpturen. Op dësem kulturelle Site gëtt et awer och eng permanent Sammlung vum Lëtzebuerger Kënschtler a Sculpteur Lucien Wercollier, deen dës Plaz am Fong a sengen däischterste Stonne kennegeléiert huet.

D'Hainhoa Achutegui ass Lëtzebuergerin mat  Wuerzelen aus dem Venezuela. Si ass d'Direktesch vun der Abtei an dëst zanter 10 Joer. Si suergt fir hir pluralistesch artistesch Identitéit.

2022 huet d'Abtei iwwer 63.000 Visiteuren empfaangen op kulturellen Evenementer an zeechent sech haut an der Lëtzebuerger Kulturlandschaft duerch hir variéiert Choixen, hir Geschicht, mä awer och duerch déi aussergewéinlech geographesch Lag aus, matten am Häerz vun der Stad.