Zanter 1884 gëtt et d'Glaciskapell, sou wéi mir se haut kennen. Sou gouf hei 1624 déi éischten Oktav an dëser Kapell gefeiert.

1887 gouf mam Nicolas Adames den éischte Lëtzebuerger Bëschof hei begruewen. Wärend de Kricher, der Hongersnout an der Pecht sinn d'Leit dacks an d'Glaciskapell biede gaangen.

Zanter 2020 steet d'Kapell ënner Denkmalschutz. Déi leschte 4 Méint gouf si bannena restauréiert. Dës Aarbechte sinn nach net fäerdeg. Si daueren dat ganzt Joer iwwer.

RTL

Den 8. Dezember 2024 ginn et 400 Joer, dass an der Glacissapell déi éischte Muttergottesoktav gefeiert gouf.

Hautdesdaags gëtt do nach d'Mass vun de Forain organiséiert a 4 Mol d'Woch gi Massen op franséisch a lëtzebuergesch gehalen.