Lëtzebuerger léisst vun der KI e Buch fir Kanner schreiwen
De Marco Barnig ass senges Wëssens no deen Éischten, deen zu Lëtzebuerg ee Buch schreiwe gelooss huet, an dëst komplett vun enger kënschtlecher Intelligenz.
Den Titel : "Les jeunes Explorateurs"sur les sentiers du patrimoine UNESCO
LetzAi huet d'Biller erstallt an Chatgpt de Rescht. 100 Sitten entdeckt een am Buch, déi zum Weltkulturierwe vun der UNESCO gehéieren. D'Evolutioun vun den neien Technologien ass elo um Punkt, wou esou eppes méiglech ass, an de Marco Barnig war wuel deen éischten, deen dovunner profitéiert huet. Zanter senger Pensioun huet de Marco Barnig nach méi Zäit fir sech op säin Hobby ze fokusséieren. Dem 73 Joer alen Hobby-Auteur seng 5 Enkelkanner waren u sech d'Inspiratioun fir dee ganzen Projet. Hie wollt hinnen e Souvenir hannerloossen, wann en eng Kéier net méi wär.
Richteg ugefaange mat Programméieren, also der Kënschtlecher Intelligenz ze soen, wat hie vun hir wollt, huet de Marco eréischt am November 2023. No enger Entwéckler-Konferenz vun “Open Ai” , bei deem nei Innovatioune virgestallt goufen, konnte seng Visiounen dann erméiglecht ginn. Wat virdrun net méiglech war, konnt hien du realiséieren. Esou goufe sämtlech Illustratiounen och vun der KI gezeechent, an do huet déi kënschtlech Intelligenz heiansdo komesch Biller erstallt.
Elo kënnen dem Marco seng Enkelkanner aus Stroossbuerg a Lëtzebuerg op eng spilleresch Aart a Weis 100 Sitte vun der UNESCO, déi zum Weltkulturierwe gehéieren, entdecken. Wat hinnen dann och d’ Iddi elo ginn huet, dës Plazen an der Realitéit besichen ze goen.
Wéi alles genau entstanen ass, fënnt een och op dem Marco sengem Internetsite. Do kann een ënner anerem de gesamten Dialog tëschent him an der KI fannen, also den Ufank vu sengem Buch. Hie war selwer iwwerrascht, ob wat den intelligente Site alles komm ass. Verschidden Illustratiounen, déi vun der KI gezeechent goufen, hat déi kënschtlech Intelligenz iwwerfuerdert, an esou koum et emol vir, dass déi éischt Zeechnungen net deem entsprach hunn, wat de Marco sech ufanks virgestallt hat.
Zanter Februar gëtt et säi Buch „Les Jeunes Explorateurs“ sur les sentiers du patrimoine UNESCO am Handel. E Buch, wou een op eng spannend Aart a Weis villes entdecke kann.
Domadder weist hien ons, wou mer mat der KI am Joer 2024 dru sinn, a weider dierfe mer eis dann och op ee Buch vun engem Chat Bot op lëtzebuergesch freeën, well dat ass dem Marco säin nächste Projet.