Mataarbechter fuerderen "räsonabelen Tarifkontrakt"

© Valery Hache / AFP
Just eng Woch virum Ufank vum Festival hunn Aarbechter e Méindeg zu engem Streik opgeruff. Gestridde gëtt iwwer Salairen an Aarbechtskonditiounen.
Nëmmen eng Woch virum Ufank vum Festival fuerderen d'Mataarbechter e "räsonabelen Tarifkontrakt". Et wéilt een de Festival a virun allem d'Ouverture net vill stéieren, ma et wéilt een op hir Fuerderungen opmierksam maachen, esou d'Membere vun engem Kollektiv mam Numm "Sous les Ecrans, la Deche".
Dozou gehéieren eng 100 Leit, dorënner Projektionisten, Programmateuren, Agenten an Ticketsvendeuren. Dës hu Kuerzzäitkontrakter, ma kréien net wéi aner fräi Kënschtler an Techniker am Kultursecteur hir Salairen op de Mindestloun opgestockt. All Joer kommen eng 40.000 Leit op de Festival. Dëst Joer gi sech ënnert anerem de Francis Ford Coppola, den Georges Lucas an d'Meryl Streep erwaart.