Fir de Long-métrage "Le baiser" gëtt nach eng Persoun gesicht, fir eng Roll ze besetzen.

Méi genau gëtt e Mann tëscht 18 an 20 Joer mat kapverdianesche Wuerzele gesicht, dee Lëtzebuergesch schwätzt. All Erfarung am Beräich vu Film an Theater ass vu Virdeel.

Realiséiert gëtt de Long-métrage vum Thierry Besseling, Samsa Film an Artémis Productions.

Den Tournage fänkt 2025 un, gefilmt gëtt zu Lëtzebuerg an an der Belsch.

Melle kann ee sech bis den 31. Mee 2024 iwwer Mail op casting@samsa.lu.