Lëtzebuerger Moler wéinst Plagiat verurteelt, US-Fotografin "extreem erliichtert"

Zwee Joer laang huet de Sträit tëscht dem Lëtzebuerger Moler Jeff Dieschbourg an der amerikanescher Fotografin Jingna Zhang gedauert.
Déi lescht Woch dunn ass d'Decisioun an zweeter Instanz gefall: de Lëtzebuerger gouf wéinst Plagiat verurteelt. Am Gespréich mam Claudia Kollwelter huet d'Fotografin vun enger extreemer Erliichterung geschwat:
"Wéi ech d'Nouvelle krut war et 6 Auer moies zu San Fransisco. Ech hunn 10 Minutte laang a mäi Kappkësse gekrasch. Ech war einfach immens immens frou, datt et eriwwer war."
D'Jingna Zhang erënnert sech awer och nach gutt drun, wéi si 2022 via Maile gewuer gouf, datt e Lëtzebuerger Moler eng Foto vun hir praktesch eent zu eent nogemoolt huet, ouni si no hirer Erlabnis ze froen. Si hat sech am Fong erwaart, datt de Jeff Dieschbourg sech dofir entschëllege géif an een eng Léisung kéint fannen. Wéi d'Fotografin awer du gewuer gouf, datt hie schonn en Affekot geholl hat, huet si séier verstanen, datt och si Ënnerstëtzung bräicht. Et war den Ufank vun zwee fuerchtbare Joer fir d'Fotografin, an deene si belästegt a bedrot, hir privat Adress bemol public gemaach gouf an et Schlagzeile goufen ewéi: "Als chineesesch Fra huet si dat verdéngt, wat hir geschitt ass!" oder "Op en Neits eng Fra, déi versicht Sue vun engem Mann ze klauen".
"Et ass witzeg, well am Fong ass et jo hien, dee vu mir geklaut huet an dee Sue gewonnen huet an deen nach wollt Sue mat menger Aarbecht maachen, mee ech kréien als Fra d'Schold, just well ech meng Aarbecht wollt protegéieren."
Den Affekot vum Lëtzebuerger Moler hat argumentéiert, d'Aarbecht vum Jingna Zhang wier banal a si hätt jo just e Knäppche gedréckt. D'Fotografin ass deemno extrem erliichtert a frou, datt mat der Decisioun an zweeter Instanz kloer gouf, dat d'Droit d'auteuren net just fir verschidden Zorte vu Konscht gëllen:
"Op jidderengem senger Aarbecht ass e Copyright a se soll geschützt sinn. Eng Persoun ka meng Aarbecht schlecht fannen, ma trotzdeem brauch se mäin Averständnis se ze benotzen. An dat gëllt fir all Fotograf oder Kënschtler. Ech hoffen also wierklech, datt méi Leit léieren, Artisten a Fotografe fair ze behandelen an hir Aarbecht ze respektéieren an d'Awëllegung froen, wa se d'Wierk benotze wëllen."
Just well ee seng Wierker online deelt, géif net heeschen, datt ee seng Droit d'auteuren domat géif opginn, huet d'Jingna Zhang nach betount. D'Fotografin hofft, datt hire Fall och aner Kënschtler motivéiert, fir hir Rechter ze kämpfen an d'Leit sech méi bewosst ginn, datt se Wierker, Musek oder Texter just mam Accord vum Artist dierfe benotzen.