D'Palme d‘Or krut zu Cannes e Samschdeg iwwerdeems de Film "Anora" vum Sean Baker an de Jury-Präis war fir "The Seed of the Sacred Fig" vum Realisateur Mohammed Rassulof.

De Film "All We Imagine ass Light", deen an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Produktiounsfirma Les Films Fauves entstanen ass a vum Lëtzebuerger Filmfong finanziell ënnerstëtzt gouf, huet e Samschdeg um Filmfestival vu Cannes an der Kategorie Grand Prix gewonnen.

Eng weider Lëtzebuerger Vertriedung gouf et zu Cannes dann och duerch d'Vicky Krieps, déi Member am Jury vun der Kategorie "Un certain regard" war, an där si 2022 mat "Corsage" selwer ugetruede war. Dëst Joer goufen an där Kategorie vum Festival 18 Filmer gewisen. Et ass dat eng Competitioun mat méi couragéierten an neie Filmer, déi parallel zu der offizieller Selektioun leeft.

Den detailléierten Artikel zu de Gewënner zu Cannes fannt Dir hei.