Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin gouf vum Parquet zu Metz ugeklot, dat mellen d'Kolleege vun RTL Infos.

Der Performance-Kënschtlerin Deborah de Robertis gëtt virgehäit, déi responsabel Persoun vun enger Aktioun Ufank Mee am Centre Pompidou zu Metz ze sinn, bei där 5 Konschtwierker, dorënner dat bekannte Bild "L'Origine du monde" vum Gustave Courbet besprayt goufen, dat mat de Wierder "Mee Too". Ee Bild gouf och matgeholl.

D'de Robertis gouf den 29. Mee ugeklot. Dat huet de Procureur Yves Badroc der AFP géigeniwwer confirméiert an och de Parquet vu Metz confirméiert dës Informatioun de Kolleege vun RTL Infos. Der Lëtzebuergerin gëtt "virsätzlech Beschiedegung vu Kultur-Gidder" an "Déifstall vu Konscht" virgehäit, sou de Riichter.

D'Deborah de Robertis hat der AFP géigeniwwer gesot, d'Aktioun als e Gest vun der "Erëm-Uneegnung" ze gesinn, wéi et eng Broderie vun der franséischer Kënschtlerin Anette Massager matgoe gelooss huet. An der Ausstellung, wou d'Kënschtlerin dës "Spray-Aktioun" gemaach huet, war och e Wierk vum Robertis selwer presentéiert.

D'Kënschtlerin selwer géif elo ënner riichterlecher Kontroll stoen an dierf ënnert anerem den Ament net an de franséischen Département Moselle eran, an deem Metz jo läit, esou den Yves Badroc. Och d'Optrieden op Plazen, wou Kultur-Gidder stinn oder hänken, ass dem Deborah Robertis am Moment mol riichterlech ënnersot.

Zwou weider Fraen, Joergang 1986 an 1993, goufen den Dag vun der Aktioun, also de 6. Mee, festgeholl, well och si am Centre Pompidou zu Metz Biller markéiert haten. Si goufen ugeklot an ënner riichterlech Opsiicht gestallt. Déi 3 Fraen dierfen ënnertenee kee Kontakt ophuelen.