D'Tali steet nächst Joer am Atelier op der Bün

© RTL-Archiv
Déi jonk Sängerin, déi am Mee zu Malmö de Comeback vu Lëtzebuerg beim ESC agelaut hat, wäert d'nächst Joer am Atelier ze gesi sinn. Tickete si vun en Donneschdeg un am Virverkaf.
Mat enger gudder 13. Plaz huet d'Tali dëst Joer d'Lëtzebuerger Presenz um Eurovision Song Contest relancéiert. Net nëmmen zu Lëtzebuerg huet déi jonk Sängerin antëscht Fans gewonnen. Den 28. Februar 2025 wäert d'Tali op der Bün vum Atelier zu Hollerech stoen. Wien dem Tali säi Lidd "Fighter" eng Kéier live wëll erliewen, ka sech vun en Donneschdeg ëm 10 Auer un Ticketen am Virverkaf sécheren.
Fir den Ufank vun der Festival-Saison war d'Tali dëst Joer och schonn op der Bün vum "Culture Forest Festival" zu Esch an um "Usina" zu Diddeleng ze gesinn.