Den Acteur Norbert Rutili ass gestuerwen

© RTL-Grafik
De gebiertege Fransous vun Audun-le-Tiche, deen hei am Land bekannt war fir seng Filmer a sëllegen Theaterstécker, ass dout.
Den Norbert Rutili war Joergang 1944. No 20 Joer als Sportsenseignant, Sänger a Museker zu Lëtzebuerg an zu Bréissel huet e seng Karriär an der Konschtzeen respektiv am Theater lancéiert. Den Duerchbroch koum mam Stéck "M.Ibrahim et les fleurs du Coran" vum Eric Emmanuel Schmitt a mat "M. Malaussène au théâtre" vum Daniel Pennac.
Nom Theater koum d'Schauspillerei dobäi. Mat Hëllef vun Niewerollen huet hie sech bei bekannte Realisateuren en Numm gemaach an esou stoung hien och fir gréisser Rolle virun der Kamera. Ënner anerem konnt een hien a Filmer wéi "Diamant 13“ vum Gilles Behat oder "Le club des chomeurs" vum Andy Bausch gesinn.