Wéi seng Agence matdeelt, ass de Kanadier no enger laanger Krankheet elo zu Miami gestuerwen.

De Papp vum Jack-Bauer-Acteur Kiefer Sutherland war an de 70er Joren zu enger Géigekultur-Ikon gi mat Rollen an “The Dirty Dozen,” “MASH,” “Klute” an “Don’t Look Now,”

RTL

Iwwer 50 Joer ass dës Hollywood-Legend a ville Filmer opgetrueden, sief als Béisen an der Serie vun den "Hunger Games" oder als Held an Anti-Held. De Sutherland war säi ganzt Liewen och politesch aktiv.