An den 80er-Jore war "Alf" eng vun de bekanntsten a beléiftste Serien iwwerhaapt. Mat nëmme 46 Joer ass elo de Schauspiller Benji Gregory gestuerwen.

Mat senger Roll als Brian Tanner an der Serie "Alf", gouf hien als Kand scho weltberüümt.

Schonn den 13. Juni gouf hien op enger Parkplaz vun enger Bank dout a sengem Auto fonnt. Dat confirméiert seng Schwëster Rebecca TMZ géigeniwwer. Den offiziellen Dokumenter no muss d'Doudesursaach nach ofschléissend gekläert ginn.

RTL

© Facebook / Benji Gregory

De Benji Gregory soll enger Schwëster no un Depressioune a bipolare Stéierunge gelidden hunn. Hie soll donieft Schlof-Problemer gehat hunn, déi hien dacks deeglaang net schlofe gelooss hunn. D'Famill ass der Meenung, dass hien a sengem Auto ageschlof war an dunn un de Suitte vun engem Hëtzschlag gestuerwen ass.

Am Arizona sinn d'Temperaturen am Moment jo extrem héich. Niewent dem Schauspiller huet een och säin Hond "Hans" fonnt, deen de Virfall och net iwwerlieft huet.