
E Freideg de Mëtteg koum et zu engem déidlechen Accident zu Rëmerschen. Aus bis ewell nach net gekläerte Grënn krute sech hei zwee Autoe frontal ze paken. Fir ee vun den Automobilisten, en 81 Joer ale Mann, koum all Hëllef ze spéit. Hien ass nach op der Plaz gestuerwen.
D'Automobilistin aus dem zweete Gefier koum an d'Spidol. D'Police schreift, datt bei hir dem aktuelle Stand no keng Liewensgefor géif bestoen. De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht mat den Ermëttlunge beoptraagt. D'Streck huet wärend de Rettungs- an Opraumaarbechte misste gespaart ginn.