Op de Rencontres d’Arles am Juli weise si zwou Ausstellungen iwwer d’Aarbechte vum wuel bekanntste Lëtzebuerger Fotograf Edward Steichen.
Fir déi 10. Editioun vu Lëtz’Arles hu sech d’Organisateuren e ganz besonnescht Thema erausgesicht. Zwou Expoen iwwer Aarbechte vum Lëtzebuerger Fotograf Edward Steichen sollen dëst Joer zu Arles gewise ginn. An dat net wéi déi Jore virdrun an der Chapelle de la Charité, mee an der Mécanique Générale vun der LUMA.
Fir déi zwou Ausstellunge stinn Themen am Fokus, déi am Rapport zu der Natur stinn. An der Fotoserie La Nature d’Edward Steichen gi Biller a Videomaterial vum Edward Steichen ausgestallt, déi virdrun nach ni gewise goufen an deelweis extra aus den USA ageflu goufen.
Dat zäitgenëssescht Géigestéck zu der Expo vum Edward Steichen mécht déi amerikanesch Fotografin Lisa Oppenheim. Si gräift eng al Technik vum Steichen op a beaarbecht d’Biller vun de Blummen da mat kënschtlecher Intelligenz.
Mat "La nature de Steichen" wéi och "Monsieur Steichen" weist Lëtz’Arles also dëst Joer an hiren zwou Ausstellunge souwuel e Bléck zréck an d’Vergaangenheet, wéi och an d’Zukunft. D’Natur als sensibelt Thema integréiert sech net nëmme perfekt an d’Aarbecht vum Edward Steichen, ma och an d’Fotografie vum Lisa Oppenheim.