Sam Smith verzaubert mat Welthits eng ronn 7.000 Leit
Um Samschdeg den Owend war de 5. an domat leschten Open-Air-Concert um Parking vun der LuxExpo organiséiert vum Atelier.
Bei enger super Ambiance hu sech erëm eng ronn 7.000 Leit e Samschdeg versammelt fir de Concert vu Sam Smith. Sam Smith kënnt aus Groussbritannien, ass Sänger a Songwriter a bekannt fir emotional a gefillvoll Texter, an huet och d’Leit zu Lëtzebuerg beréiert mat Lidder wéi "Stay with me" an "I’m not the only one".
Awer domat net genuch, och d’Support Acts wossten ze iwwerzeegen. Esou haten den CHAiLD an d’brittesch Sängerin Konyikeh d’Chance, fir virun engem Weltstar op der Bün ze stoen. Och fir de Lëtzebuerger Artist CHAiLD war dëst e ganz speziellen a flotte Moment a senger Karriär.
De Publikum war begeeschtert vun der Show e Samschdeg den Owend.
Och dës Kéier hat sech eng Social-Media-Ekipp ënner d’Leit gemëscht an huet gekuckt wéi Text-Sécher d’Fans waren.
Sam Smith identifizéit sech als eng Net-Binär Persoun, ee Reportage zu dësem Thema fannt dir hei.