D'Lëtzebuerger Kënschtlerin war Member vum CAL an eng Partie vun hire Wierker sinn a Sammlunge vu Konschthaiser ze fannen.

Eréischt mat 43 Joer hat d’Germaine Hoffmann decidéiert, a Konschtcoursen ze goen.

"Ech hu fonnt, ech hunn net genuch Wësse gehat an du wollt ech nach eppes léieren", sot si an engem RTL-Interview 2020.
D’Material, dat si deemools doheem hat, fir ze verschaffen, ware virun allem Zeitungen. Souwuel d’Inhalter wéi och d’Konsistenz vum Pabeier hu si bei hirer Aarbecht inspiréiert. Entstane si virun allem ganz besonnesch Collagen. Si huet och aner Objete verschafft an hire Wierker, déi si nach 2020 an enger Expo zesumme mat hirer Enkelin Sophie Jung am CASINO gewisen huet.

D’Germaine Hoffmann war mam Schrëftsteller Leopold Hoffmann bestuet. Si ass d’Mamm vum Theaterregisseur Frank Hoffmann an d’Bomi vun der Actrice Marie Jung an der Kënschtlerin Sophie Jung.

D'Expo vun der Germaine Hoffmann an hirer Enkelin Sophie Jung
An enger Ausstellung am Casino huet d'Lëtzebuerger Kënschtlerin hir Wierker gewisen.